Strofverfolgungs-Déngscht: Informatiounsaustausch – Direktiv schlecht ëmgesat!

Mam Gesetzesprojet 6976 sollt en Disponibilitéitsprinzip geschaf ginn, fir en Informatiounsaustausch tëscht Strofverfolgungs-Déngschter vun EU-Memberstaaten anzesetzen. D’ADR fuerdert schonn zënter Joren d’Ëmsetze vun dëser Direktiv. D’Manéier wéi si elo awer ëmgesat gëtt, erfëllt a kenger Hisiicht eis Erwaardungen, erkläert den Deputéierte Fernand Kartheiser de 16. Januar an der Chamber. Aus dësem Grond huet sech d’ADR hei enthalen.

D’Ëmsetzungform stellt den operationelle Wäert vun deem Ganzen a Fro. Och d’Froen iwwert den Dateschutz mussen nach emol op de Leescht geholl ginn. Beim sproochlechen Aspekt weist d’Regierung op en Neist, datt si hire Plang fir d’Lëtzebuergescht ze fërderen, net seriö hëlt. An déi national Reegelunge sinn eng iwwerflësseg Bürokratiséiserung.

 

Deel dëse Post: