Stoppt d’EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei!

D’ADR war nach ëmmer géint Bäitrëttsverhandlungen, fir datt d’Tierkei soll an d’EU kommen. D’Land ass e wichtege Noper a Partner mä gehéiert kulturell net an d’EU, huet zevill Mënschen, eng zevill staark Arméi an domat zevill Gewiicht an der EU … grad elo, wou en anert grousst Land d’Unioun verléisst. Dat war d’Basishaltung, déi de Fernand Kartheiser rappeléiert huet während enger “Question élargie” de 16. November an der Chamber.

Déi aktuell Situatioun an der Tierkei nom Putsch am Juli dëses Joers wär diktatorial. De Bausseminister selwer géing d’Land mam Nazi-Regime vergläichen, wéi kéint een do nach verhandelen, freet de Fernand Kartheiser. Mä net nëmmen innenpolitesch wär d’Tierkei kee stabilt demokratescht Land, aussepolitesch wär et an der Tëschenzäit eng Gefor … och fir d’territorial Integritéit vu Länner wéi Griicheland, Zypern, Irak a Syrien.

Ausserdeem géing de Lëtzebuerger Bausseminister wéinst vergläichsweis Klengegkeeten dermat dreeën, Ungarn a Polen aus der EU ze geheien, wéi kéint hien da weider mengen, mat der Tierkei misst verhandelt ginn. Tatsächlech hätt déi verfeelte Flüchtlingspolitik vun der EU si ofhängeg gemaach vun der Tierkei an duerfir misste si alles schlecken, wat vun Ankara kënnt. Dat ass alles gutt gesot, mä de Bausseminister Asselborn follegt léiwer sengen europäesche an däitsche Virbiller: D’Verhandlunge kéinte suspendéiert ginn, wann d’Tierkei d’Doudesstrof nees géing aféieren kéinte se och ofgebrach ginn. Europäesche Wischi-Waschi, wéi ëmmer: Mä an engem Punkt huet de Minister recht. D’ADR ass vill manner kamoud wéi d’CSV, wann et em baussepolitesch Prinzipie geet.

Presentéiert heut de Fernand Kartheiser och eng Tierkei-Motioun fir ze verlaangen, datt d’Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei solle gestoppt ginn. Déi Motioun ass awer mat 57 Stëmmen géint dräi ADR-Stëmmen oofgeleent ginn.

Deel dëse Post: