Steierpolitik: Net déi bestrofen, déi schaffen!

A senger Interventioun vum 14. Juli hëlt den ADR-Zentrums-Deputéierten der Regierung a Saache Steierpolitik de Spigel vir: Et gëtt probéiert, ëmmer nei Steieren ze erfannen, fir grad déi Leit, déi haart schaffen, weider ze dirängelen. D’Regierung iwwerhieft iwwerdeems ideologesch Steieren, fir d’Leit ze erzéien – fir d’ADR en No-Go! Genee sou inakzeptabel ass et, datt d’Steiertabell nach ëmmer net indexéiert gëtt, dat ass carrement näischt aneres, ewéi de Leit Suen, déi si zegutt hunn, ze klauen! All normale Stot, deen sech net verschëlde wëll, geet hin a probéiert, d’Ausgaben erofzesetzen – Net esou eis Regierung! Si geheit op där enger Säit d’Sue carrement zur Fënster eraus – eng Rechnung, déi op de Steierzueler an all déi Schaffend Leit zeréckfält. Grad esou ass d’ADR géint all Ierfschaftssteier. Dëst si Suen, déi Leit sech haart erschafft hunn an déi souwisou scho besteiert goufen. D’Logik vun der Ierfschaftssteier besteet iwwerdeems doran, datt d’Leit iwwerhaapt keng Motivatioun méi wäerten hunn, sech eppes opzebauen – dëst geet géint déi mënschlech Natur!

Deel dëse Post: