Steierabattement fir de Stot: Belounung fir legalt Verhalen? [Videoen]

D’ADR-Kritik un der Steierreform kann ee ganz kuerz op de Punkt bréngen:

D’Reform ass ze mëtschgieweg a gëtt integral mat neier Schold finanzéiert, déi de Staat mécht.

Abattementen (Steierfräibeträg) kommen nëmme Leit ze gutt, déi Steiere bezuelen an net deenen Äermsten, déi keng Steiere musse bezuelen.

An Abattemente kommen esou guer deenen am meeschten ze gutt, déi am meeschte verdéngen, emol net dem Duerchschnëttsverdénger. Duerfir plädéiert d’ADR fir Steierkreditter, déi Mënschen ze gutt kommen, déi keng Steiere bezuelen, awer net méi Leit mat iwwerduerchschnëttlechem Verdéngscht. An deem Zesummenhang hat de Gast Gibéryen an der Chamber den Abattement fir de Stot kritiséiert, dee Leit mat héijem Revenue 4 Stonne Botzfra d’Woch bezilt.

D’Lëtzebuerger Wort huet an engem laangen Artikel elo déi Mesure verdeedegt. Si géing derzou bäidroen, datt manner Botzfrae schwaarz géinge beschäftegt ginn. Dat war ursprénglech de Grond fir dësen Abattement anzeféieren.

D’Logik ass zwar e bëssen holpereg. Leit, déi Mënsche schwaarz géinge beschäftegen (wourop iwwregens bis zu Prisongsstrof steet), solle mat Sue belount ginn, fir dat net ze maachen. Huet eis Regierung keng aner Mëttel fir esou Leit ze fannen an ze bestrofe fir hiert onsozialt Verhalen? Mam ëm 50 Prozent gehéichtenen Abattement vu 5.400 Euro (virun der Reform 3.600 Euro)  kréien se an Zukunft méi eraus, wéi d’Umelle se kascht. Zwou Froen bleiwen op: Firwat ass deen Abattement esou staark gehéigt ginn, datt et finanziell elo méi bëlleg ass, seng Botzfra unzemellen a vun de Steieren ofzesetzen, wéi se schwaarz schaffen ze loossen? A wéi hëlleft de Staat enger eleng erzéiender Mamm, déi sech keng Botzfra ka leeschten, fir hire Stot ze maachen?

Deel dëse Post: