Steet d’Regierung op der Säit vun Affer oder Kriminellen?

E Samschdes, de 4. September koum et am Garer Quartier zu engem sécherheetspoliteschen Tëschefall. E kuerze Video, deen an de soziale Medie kurséiert, deit un, datt déi vun der Gemeng Lëtzebuerg engagéiert privat Sécherheetsfirma onverhältnesméisseg géint e “Mann” virgaange wier. Iwwer d’Hannergrënn gëtt een näischt gewuer. Entspriechend gëllt et lo, d’Resultat vun der Enquête ofzewaarden. Wat awer verwonnert, ass d’Reaktioun vun de Rout-Grénge Regierungsparteien. Amplaz endlech op déi katastrophal Situatioun am Garer Quartier ze reagéieren, weisen si lo mam Fanger op de Stater Schäfferot, dee mat senge Mëttele probéiert huet, Ofhëllef ze leeschten. Souguer fir géint de betraffenen Hond ze stëppelen, schéngen déi Gréng sech net ze schued!

Den ADR-Gemengerot an Zentrumsdeputéierte Roy Reding huet an engem éischte Statement kloer gestallt: Mir stinn zu eiser Decisioun, de Stater Schäfferot an dësem Dossier ze ënnerstëtzen. Fir d’ADR stellen sech doriwwer raus awer och aner Froen. Wéi gesäit et eigentlech ëmgekéiert aus? Wéi vill Polizisten, Pecherten, Buschaufferen a soss ëffentlech Personal ginn eigentlech deeglech bei der Ausübung vun hirem Beruff beleidegt a souguer kierperlech attackéiert?

Deel dëse Post: