Stater Chrëschtdag: +23% um Präis fir de Repas sur roues!

E ganz besonnesche Chrëschtdagscadeau huet de blo-grénge Schäfferot hiren eelere Matbierger ënnert de Bam geluecht: de Präis vum Repas sur roues geet vun 8,50€ op 10,50€ pro Iessen erop, eng Hausse vun iwwert 23%! D’ADR bedauert zudéifst dës Decisioun a rifft d’Majoritéit op, op dës Hausse ze verzichten.

Ganz houfreg schéngt déi nei Buergermeeschtesch net iwwert hir Decisioun ze sinn: à la va-vite, no de laange Budgetsdebatten, gouf e Méindeg, de 16. Dezember, am spéiden Owend ouni Debatten iwwert den Office social ofgestëmmt. Trotz dëser Hetz ass der ADR-Conseillère Marceline Goergen awer d’Erhéijung vun 8,50 Euro op 10,50 Euro um Präis fir de Repas sur roues net entgaangen.

E Freideg, den 20. Dezember, ass du probéiert ginn, iwwer eng Motioun, déi blo-gréng Majoritéit dozou ze bréngen, op dës Hausse zréckzekommen. D’Equipe ëm d’Lydie Polfer a Sam Tanson hunn awer keng Asiicht gewisen an drop bestanen, de Senioren déi Hausse vun iwwert 23 % awer opzebrummen.

Vum Abrëll u mussen d’Senioren an der Stad also 10,5 Euro amplaz 8,50 Euro fir e Repas sur roues bezuelen, wat op ee Mount eng supplementar Depense vun iwwert 40 Euro ausmécht. Well bei de Rente keen Cent bäikënnt. Dëst ass e weidere Kafkraaftverloscht fir d’Senioren.

D’ADR-Sektioun Stad wäert sech weider beméien, datt déi blo-gréng Majoritéit an der Stad nach virum Abrëll op dës Decisioun zréckkënnt, a verlaangt eng ëffentlech Debatt iwwert e bessere Rapport Präis / Qualitéit fir de Service Repas sur roues, dee vun der Stad Lëtzebuerg ugebuede gëtt.

Deel dëse Post: