STATEC-Sondage : Agrëff an d’Privatliewe vun de Leit?

De STATEC mécht reegelméisseg Sondagen iwwer d’Konsumverhale vun de Leit a freet domadder och Informatiounen déi déif an d’Privatliewe vun de Bierger agräifen. Dobäi muss een sech froe wat mat den Donnéeë vun deene Privatpersoune geschitt déi si dem STATEC zur Dispositioun stellen, an och wat mat Persoune geschitt déi refuséiere fir dem STATEC Informatiounen iwwert hiert Konsumverhale matzedeelen.Iwwerhaapt stellt sech d’Fro ob dës Praxis vum Statec kompatibel mat der aktueller Legislatioun iwwert den Dateschutz ass.

De Fernand Kartheiser hätt an dëser Saach gär Kloerheet vum Wirtschaftsminister.

Alles paletti mam Dateschutz, esou de Wirtschaftsminister!?

 

Deel dëse Post: