Start-Up Kultur zu Lëtzebuerg?

Sparschwein

Am Artikel “Krise als Chance nutzen”, deen den 20. September am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf, heescht et, datt déi Lëtzebuerger Start-Up-Branche notamment bedauert, datt et zu Lëtzebuerg un attraktive Méiglechkeete feelt, fir Investitiounen an nei gegrënnten Entreprisë kënnen ofzesetzen. Firwat gëtt ekonomesche Courage zu Lëtzebuerg net méi belount?

Fro

Am Artikel “Krise als Chance nutzen”, deen den 20. September am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf, heescht et, datt déi Lëtzebuerger Start-Up-Branche notamment bedauert, datt et zu Lëtzebuerg un attraktive Méiglechkeete feelt, fir Investitiounen an nei gegrënnten Entreprisë kënnen ofzesetzen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Finanzminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi eng natierlech a juristesch Persoune wéi eng Montanten ënnert wéi eng Konditiounen déi éischt fënnef Joer no der Investitioun an e Start-Up kann ofsetzen, wann een en Deel oder souguer de ganzen Asaz verléiert oder den Asaz zwar nominell (ouni Berécksiichtegung vum Wäertverloscht duerch d’Inflatioun) erëmkritt awer kee Benefice realiséiert? Kann d’Madamm Minister an deem Zesummenhang preziséieren, wou si Spillraum fir weider steierlech Ureizer gesäit, fir d’Start-Up Kultur zu Lëtzebuerg ze stäerken?
  • Kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi Revenuen aus Kapital dat an e Start-Up investéiert gouf, wärend den éischte fënnef Joer besteiert gëtt? Kann d’Madamm Minister an deem Zesummenhang preziséieren, wou si Spillraum fir weider steierlech Ureizer gesäit, fir d’Start-Up Kultur zu Lëtzebuerg ze stäerken?

 

Deel dëse Post: