Stad Lëtzebuerg: Suergen ëm d’Liewensqualitéit an ëm de Bierger!

Eng “Carte blanche” op RTL an 100Komma7 war e Méindeg ze héieren. Fir d’ADR hunn d’Gemengeréitin Marceline Goergen an de President vum Bezierk Zentrum, de Mario Daubenfeld, geschwat. Hir gemeinsam Suerg: d’Liewensqualitéit an der Stad. De Mario Daubenfeld huet sech besonnesch driwwer opgereegt, datt de Bierger kaum Afloss op d’Diskussiounen iwwer de Bebauungsplang hätt, well d’Dokumenter sech vill zevill u Spezialisten adresséieren. De Bierger soll iwwer Projeten a senger Stad oder sengem Quartier kënne matbestëmmen. D’Marceline Goergen huet a ganz konkrete Beispiller gewisen, wou et an der Haaptstad hapert, wat d’Liewensqualitéit ugeet.

Deel dëse Post: