Stad Lëtzebuerg: d’Ried vun der Gemengeconseillère Marceline Goergen zum Budget

E Méindeg, den 16. Dezember, huet d’Gemengeconseillère Marceline Goergen fir d’ADR Stellung geholl zum Budget fir d’Joer 2014. D’Populatioun vun der Stad ass elo op iwwert 103.000 Awunner gewuess. Méi Awunner, dat bedeit awer och datt ëmmer méi Schoulen, méi Infrastrukturen a méi Wunnraum gebraucht gëtt.

D’Vertriederin vun der ADR huet dobäi ënnerstrach, datt de Loyer an der Stad 30% méi héich ass wéi an Recht vum Land, an datt dowéinst besonnesch an der Stad méi bezuelbare Wunnraum gebraucht gëtt. D’Marceline Goergen huet de Schäfferot opgefuerdert, fir méi eng aktiv Roll an der Loyerspolitik ze iwwerhuelen a méi sozial Wunnengen ze schafen. D’ADR-Stad ass  géint eng Taxe op eidele Wunnengen, rifft dofir op fir der Agence immobilière sociale méi Moyen ze ginn an d’privat Proprietairen opzeruffen hir Wunnengen iwwert dëse Wee ze verlounen.

D’ADR ass och weider géint d’Reewaassertaxe. D’ADR-Conseillère stëllt dobäi fest, dat z.B. de Fonds du Kirchberg an de Fonds de la Vieille Ville dës Taxe net brauch ze bezuelen. D’ADR wäert op jiddefalls keng Autorisatioun méi droen, wou déi kléng Proprietairen op d’Gericht geholl ginn, well se déi Taxe net bezuelen.

D’Marceline Goergen huet eng réi Virstellunge gemach, wéi d’Smart-City – déi intelligent Stad – misst ausgesinn. Dozou gehéiert z.B., datt all Bus mat engem GPS-System equipéiert ass fir net fir Konfusioun op den Informatiounspanneauen ze suergen, oder datt de Verkéier iwwert eng gréng Wëll geregelt gëtt. Intelligent wär et och, en zentrale Logistikzenter anzeriichten, anstatt datt all Muergen d’Groussgaass mat Liwwerween zougesat gëtt. D’ADR fuerdert och, datt d’WIFI-Verbindungen Hot-City fir all Mënsch gratis solle sinn.

D’ADR ass weider géint en Tram duerch d’Stad Lëtzebuerg, dee souwisou de Verkéiersproblem an a ronderëm d’Stad net ka léisen. D’Marceline Goergen schätzt, datt den Tram iwwert 1 Milliard Euro wäert kaschten, an datt dofir den Undeel vun der Stad ganz wäit iwwert deenen 100 Milliounen wärt léien, deen am Ament fir dës Investitioun virgegaukelt gëtt.

Wat déi global Chifferen ubelaangt, do stëllt d’ADR-Conseillère fest, datt d’Recetten déi am Budget 2014 ageschriwwe sinn, mat 639 Milliounen Euro genee déi selwecht Zomme ass wéi an de Konten vun 2012. D’Recette géifen also net an d’Lut goen, obschonns d’Awunnerzuel zou hëlt: domadder liicht en Alarm rout!

Aus dësen Ursaachen kann d’ADR de Budget vun der Stad Lëtzebuerg net matstëmmen.

 

 

Deel dëse Post: