“Staatstrojaner”: wéini, wou a wien?

De Geheimdéngscht huet “Staatstrojaner” agesat fir Leit auszespionéieren. Déi heemlech Computerprogrammer ginn ageschleist, ouni datt de Besëtzer vum Rechenr eppes mierkt. D’Rechtslag ass onkloer, esou onkloer, datt de fréiere Premier Jean-Claude Juncker versprach hat, hiere Gebrauch ze ënnerbannen. Duerno si se awer nees fir de Geheimdéngscht autoriséiert ginn. De Gast Gibéryen freet an enger parlamentarescher Fro “Wéini, wou a vu wiem?” Ëmmerhin ass déi lescht Regierung vum Här Juncker jo iwwer e Geheimdéngschtskandal gefall, also sollt Gambia grad do transparent sinn, wéi versprach. Mä d’Äntwert ass, wéi bal ze erwaarden, kee Beispill fir Transparenz bei Geheimdéngschtpraktiken.

Deel dëse Post: