Staatsrot: d‘Gléckwënsch vun der ADR un déi nei Regierung fir hiren éischte Wuertbroch!

D’ADR felicitéiert ganz häerzlech net nëmmen den LSAP-Politiker Lucien Lux fir säin neie Posten als Member vum Staatsrot, mä och déi ganz Regierung fir hiren éischte gemeinsame Wuertbroch. Obwuel am Coalitiounsaccord explizit driwwer riets geet, datt bei der Zesummesetzung vum Staatsrot soll eng méi equitabel Repräsentativitéit vun de politesche Stréimunge garantéiert ginn, bleift alles beim Alen. Et gëtt monter gemauschelt, fir Politiker ze „entsuergen“, wéi dat och schonns zu CSV-Zäiten de Fall war. Esou vill zum „renouveau démocratique“.

„La procédure de nomination des membres du Conseil d’Etat ainsi que la question de la publicité de ses travaux seront examinées. La composition du Conseil d’Etat assurera une représentativité équitable des courants politiques siégeant à la Chambre des Députés“. Esou steet et schwaarz op wäiss op der Säit 8 vum Coalitiounsaccord, deen tëscht dräi Parteien ausgehandelt gouf, déi alles wollte besser an anescht maachen. Genee zwou Wochen no hirer Vereedegung kënnen sech d’Regierungsmemberen och scho selwer gratuléieren: si hunn hiren éischte Wuertbroch mat Bravour hannert sech bruecht, an dat wahrscheinlech méi séier wéi soss iergendeng aner Regierung.

D’ADR weist zënter Joren drop hin, datt d’Zesummesetzung vum Staatsrot net de politesche Kräfteverhältnisser am Parlament entsprécht. D’ADR, zum Beispill, hätt opgrond vun hire Walresultater Usproch op 1 bis 2 Sëtzer, mä all Kandidatur gouf bis elo vun den anere Parteie blockéiert. Datselwecht gëllt an engem gewëssene Mooss och fir déi Gréng, déi elo wuel entdeckt hunn, wéi gutt et dach schmaacht an de sauren Apel ze bäissen, wann een drop besteet als Walverléierer an d’Regierungsverantwortung ze kommen. Virun de Walen hunn si sech fir eng Reform vum Staatsrot agesat, no de Walen hunn se déi Fuerderung iwwer Bord geworf ouni mat der Wimper ze zucken.

Esou gesäit en also aus, den „renouveau démocratique“: d‘Käch sinn net méi all d’selwecht, mä och déi nei kachen nëmme mat Waasser…

Deel dëse Post: