Staatsrot: D’ADR ass géint d’sexuell Diskriminéierung vum Mann!

D’Regierung akzeptéiert den ADR-Kandidat fir de Staatsrot, eise Generalsekretär Alex Penning (Photo), anscheinend net. Well hie keng Fra ass. Dat ass d’Partei aus der Press gewuer ginn. D’ADR ass iwwer d’Regierungsdecisioun bis elo weder mëndlech nach schrëftlech vun de Responsabelen informéiert ginn. Dat ass deen übleche schlechte Gambia-Politstil. Well d’Geschicht an der Press awer Welle geschloen huet an och um ADR-Familljendag gëschter zu Izeg Haaptthema war, huet d’Partei gëschter e Pressekommunikee erausgeschéckt. Sollt den Alex Penning refuséiert ginn, wär dat just eng Diskriminatioun opgrond vu sengem Geschlecht. Well no deem Profil, wat de Staatsrot selwer fir dee Poste verlaangt, ass hien den ideale Kandidat. Dat an de Werdegang vun der Kandidatur vum Alex Penning, nodeems d’Regierung der ADR dee Posten ugedroen hat, sinn am Text erkläert.

Deel dëse Post: