Den 8. Oktober huet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen eng Pressekonferenz gehalen zum Thema Staatsfinanzen.

Analyse vun der aktueller Finanzsituatioun vum Staat

Budgetssituatioun

Defiziter pro Joer

200859,9 Milliounen
2009958,7 Milliounen
20101.015 Milliounen
2011997,2 Milliounen
20121.648,1 Milliounen
20131.041,3 Milliounen

Lescht Estimatiounen opgrond vun den éischte 6 Méint: 1,2 bis 1,3 Milliarden Euro

Elo schonns bekannte Facteuren, déi d‘Staatsfinanzen an der nächster Legislaturperiod negativ beaflossen

1. E-Commerce

Eng staark Progressioun:

2012+ 100 Milliounen
2013+ 120 Milliounen

Gesamtrecetten 2015: ongeféier 1 Milliard

Decisioun vum Ecofin (Dezember 2007) : TVA an dat Land iwwerwisen, wou de Consommateur ass

2015 (70%)700 Millioune Verloscht
2017 (85 %)150 Milliounen Verloscht
2019 (100%)150 Millioune Verloscht

Dës negativ Entwécklung fir d’Staatsfinanzen, zesumme mam aktuellen Defizit vum Staatsbudget, bewierken eleng, datt mer 2015 2 Milliarden Defizit hunn!

2. Mouk an de Betriber

A verschiddene grousse Betriber (Banken) stoungen nach eng Rei vun Decompten aus de gudde Joren aus. Déi sinn an de leschten 2 bis 3 Joer agezu ginn. Eenzel Banken hunn iwwert 100 Millioune bis 160 Millioune Steieren nobezuelt.

Dës Mouk ass elo eidel.

Doriwwer eraus muss ee berücksichtegen, datt d’Recettë bei der Betribsbesteierung aus de leschte Joren sech dofir zu engem gudden Deel aus Decompten zesummegesat huet – an net aus Steieren, déi an deem Joer reell verdéngt gi sinn.

3. Entwécklung vun der Schold

2008791 Milliounen
20126,29 Milliarden
20134,5 Milliarden am Budget virgesinn

→ 1,5 Milliarde fir de Budget an den Equiliber ze bréngen

→ 2 Milliarde fir de BGL-Emprunt ze refinanzéieren (Dezember 2013)

→ 1 Milliard fir eis international Engagementer am Kader vun der Eurorettung ze finanzéieren

Der Cour des Comptes no mussen an den nächste Jore weider Emprunten opgeholl gin:

20141 Milliard
20151,5 Milliarden
20161,5 Milliarden

Deemno géif d‘Schold – der Cour des comptes no – sech vun 2012 bis 2016 op 12,5 Milliarde verduebelen.

2017 an 2018 musse weider Emprunten opgeholl ginn (tëscht 1 an 1,5 Milliarden)

4. Entwécklung vun den Zënsen

2013230 Milliounen
2016iwwert 400 Milliounen

 

5.     Zeréckbezuele vun Emprunten

De Staat bezilt kee Kapital, mä nëmmen Zënsen zeréck. No der Oflafdauer (am Prinzip 10 Joer) misst da Kapital an enger Kéier zeréckbezuelt ginn. Well awer kee Geld do aus, fir da Kapital an enger Kéier zeréckzebuezuelen, gëtt en neien Emprunt opgeholl fir den alen ze refinanzéieren.

Am Dezember 2013 ass dat déi éischte Kéier de Fall beim Emprunt fir d’BGL, an der Héicht vun 2 Milliarden.

2016400 Milliounen
2018700 Milliounen
20202 Milliarden
20221 Milliard
20234,5 Milliarden
20251,5 Milliarden

6. Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM)

Kapital vum MES: 700 Milliarden

Lëtzebuerger Undeel: 1,7528 Milliarden

Vun deene 700 Milliarden sinn der am Abléck 80 Milliarden engagéiert.

D‘Part vu Lëtzebuerg ass domadder 200 Milliounen.(jee 80 Milliounen an de Joren 2012 an 2013, an déi aner 40 Milliounen am Joer 2014)

De Rescht (bis 1,75 Milliarden) kann op Decisioun vun de Finanzminsteren aus der Eurozon verlaangt ginn (am Prinzip eestëmmeg an, wann et urgent ass, 85% Zoustëmmung)

7. Ongewëssheet vum Finanzsecteur

Kee weess, wéi de Finanzsecteur sech entwéckelt no de leschten Decisiounen.

Experte soen, datt Finanzplaz ni méi wäert déi Steiere bezuele wéi an der Vergaangenheet.

8.     Fonds pour l’emploi

2010178 Milliounen
2011369 Milliounen
2012405 Milliounen
2013502 Milliounen

Dem Statec no wäert an den nächste Joren de Chômage weider klammen an doduercher och d‘Ausgabe beim Staat.

Maastricht-Kritären

3 % Defizit

Den Defizit an der Administration centrale (Staatsbudget) louch an de leschte Joren no bei 3%. Duerch de Boni aus der Sécurité sociale ass d’Moyenne gutt ënnert déi 3% gefall, fir d’Administration publique (Staat, Gemengen, Sécurité sociale)

De Boni an der Sécurité sociale geet awer vu Joer zu Joer zeréck. 

20082,7%
20111,9%
20121,7%
20131,4%

Bis d‘Joer 2020 ass de Boni op Null! 

60 % Scholden

An de leschten 3 Jore sinn d’Scholde vis-à-vis vum PIB vu 6% op 26 % eropgaangen. Wann d‘Schold sech esou entwéckelt, wéi d‘Cour des Comptes dat virgerechent huet, komme mir am Joer 2016 -17 iwwert déi 60 %.

Konsequenz: Verloscht vum Triple-A!

D‘CSV seet, d‘Staatsfinanze si gesond!

D’ADR seet, d‘Staatsfinanze si schwéier krank!

D‘Propositioune vun der ADR: Walprogramm, Kapitel „Wirtschaft a Finanzen“