Staatlech Hëllef … wa keng Rechnung opsteet

D’Regierung huet zwar – et kascht wat et kascht – wirtschaftlech Hëllef versprach, wann e Betrib duerch d’Regierungsstrategie, wirtschaftlech Aboussen huet. Mee et gëtt fir de Staat Weeër fir awer net ze bezuelen. Dat gëlt zum Beispill, wann dee Betrib bei aner Staatsverwaltungen nach Rechnungen op huet. De Roy Reding freet, ob an där aussergewéinlecher, vu Regierungsdecisiounen erbäigeféierter Situatioun net méi Kulanz ubruecht wär. Hie freet awer och nom Informatiounsfloss tëscht de Staatsverwaltungen a wëllt wëssen, ob do d’Reegele vum Dateschutz ëmmer respektéiert ginn.

Deel dëse Post: