Spuerkeess: Follow-up vun den Injonctiounen 2020

Am Kontext vun de Spuerkeess-Injonctioune vun 2020 huet den Tom Weidig e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

An der Finanzkommissioun vun der Deputéiertechamber vum 8. an 9. September 2025 hunn d’Direktioun an de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess sech zum Follow-up vun den Injonctioune vun 2020 geäussert. Souwäit ech mech erënneren, hu si betount, datt d’Spuerkeess e Plang opgestallt hätt mat Mesuren, fir de Manktem ze behiewen a fir dono e reegelméissege Follow-up ze maachen. 2021 hätt d’Spuerkeess der Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) e Bréif geschriwwen, an deem si verséchert hätt, datt all d’Mesuren implementéiert gi wieren an si lo der Meenung wier, datt si “en règle” wier.

Op meng Fro hin hunn d’Direktioun an de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess ënnerstrach, datt d’Spuerkeess keng weider Kommunikatioun mat der CSSF zum betreffenden Dossier gehat hätt bis zum “contrôle sur place”, deen zur Sanktioun gefouert huet.

An deem Zesummenhank hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Ass et richteg datt d’Spuerkeess 2021 e Bréif un d’CSSF geschéckt huet, an deem si verséchert huet, datt si der Meenung wier, datt si all Mesuren implementéiert hätt an elo “en règle” wier?
  • Ass et richteg, datt d’CSSF keng Äntwert op de Bréif ginn huet, fir sech zur Fro ze positionéieren, ob d’Saach fir si domat ofgeschloss wier?
  • Ass et richteg, datt d’CSSF fënnef Joer laang keen “contrôle sur place” gemaach huet zum betreffenden Dossier, obwuel si zu deene bekannte Punkten eng Injonctioun ausgeschwat hat? An anere Wierder: Ass et richteg, datt d’CSSF 2018 an 2019 en “contrôle sur place” zum betreffenden Dossier gemaach huet, an dono réischt 2024? (Ech schwätzen hei explizit net vu Kontrollen zu aneren Dossieren an Aspekter vun der Reglementatioun!)
  • Wat genau ass déi intern Prozedur bei der CSSF, nodeems si eng Injonctioun ausgeschwat huet?
  • Vu datt de Finanzminister Vertrieder souwuel an de Verwaltungsrot vun der CSSF wéi och an dee vun der Spuerkeess schéckt, stellt sech d’Fro vun engem Interessekonflikt a vun eventuelle Mesuren, fir esou en Interessekonflikt ze verhënneren oder ze minimiséieren. Dofir meng Froen: (a) Däerfen sech d’Vertrieder vum Finanzministère austauschen iwwer hir Aarbecht an de Verwaltungsréit oder gëllen do strikt “chinese walls”? (b) Ginn et hierarchesch Ofhängegkeeten an deem Sënn, datt zum Beispill de Vertrieder am Verwaltungsrot A de Virgesetzte vum Vertrieder am Verwaltungsrot B ass, oder sinn déi eenzel Vertrieder vum Finanzministère komplett onofhängeg ënner sech? (c) Wann d’CSSF iwwer d’Spuerkeess beréit, verléisst dann de Vertrieder vun der Regierung d’Verwaltungsrotssëtzung? (d) Ginn et aner Mesuren oder Aspekter zu engem potentiellen Interessekonflikt?

Deel dëse Post: