Spueren! Ganz konkret.

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

1: Transparenz an de Staatsfinanzen

All Mount Verëffentlechung:

  • vun de Recetten an den Depensen am Verglach mam Virjoer a mam Budget;
  • vun der Tresorerie (Liquiditéitssituatioun);
  • vun der Staatsschold;
  • vun der finanzieller Situatioun vun de Spezialfongen;
  • vun de Steierrecettë pro Aktivitéitssecteur;
  • vun de Beträg, déi d’Steierverwaltung an den Enregistrement u Remboursementer schëlleg ass.

2: Spuere beim Staat

  • Aschreiwe vun der Scholdebrems an d’Verfassung;
  • Fir all gréissere Projet muss dem Parlament eng extern Bewäertung agereecht ginn iwwert d’Noutwennegkeet, d’Zweckméissegkeet an d’Käschteneffizienz;
  • Aschränkung vun de sougenannten „crédits non limitatifs et sans distinction d‘exercice“;
  • Verwaltungskäschten drastesch reduzéieren (iwwert d’Hëllef vun „Audits externes“);
  • Duerchforste vu Subventiounen a Subsiden;
  • Reduzéiere vun de Publizitéitscampagnë vun den eenzelne Ministèren;
  • D’Entwécklungshëllef op 0,7 % vum „revenu interne brut“ (RIB) zeréckféieren;
  • Ministèren a Verwaltungen, déi reng ideologescher Natur sinn oder där hiren Notzen net erkennbar ass, ginn ofgeschaf oder an aner Verwaltungen integréiert a rationaliséiert;
  • Neiverhandlung vun de finanzielle Bäiträg an internationalen Organisatiounen;
  • Schluss mam Dropmaache vu Budgetskreditter, déi um Enn vum Joer net ganz opgebraucht sinn;
  • Keng weider Transferten an d’Ausland am Kader vum Klimaschutz;
  • Kampf géint de Mëssbrauch am Beräich vun de Sozialleeschtungen.

3. Projeten, déi definitiv gestrach musse ginn

  • Den Tram duerch d‘Stad
  • De Militärfliger A 400 M
  • Transportsystem E.go

4. Projeten, déi zeréckgesat musse ginn

  • Déi 3. Spuer vun der Autobunn Stengefort – Diddeleng;
  • Sämtlech Investitiounen an Infrastrukture mussen no Prioritéiten opgestallt an zäitlech esou realiséiert ginn, datt se de budgetäre Méiglechkeeten entspriechen.

5. Sozial- a steierpolitesch Moossnamen

  • Nullronn am ëffentlechen Déngscht;
  • Tubak an Alkohol aus dem Indexwuerekuerf huelen;
  • D’ADR ass fir d’Bäibehale vun den Ënnerstëtzungsmoossnamen (Kanner-geld, Kannerbonus, Chèques-service…) fir d’Familljen, dës sollen awer regroupéiert ginn an d’sozial Selektivitéit gëtt iwwert d’Steiere realiséiert;
  • D’ADR ass géint eng nei Krisesteier an eng Erhéijung vun der TVA
  • D’ADR ass fir eng Finanztransaktiounssteier, awer nëmmen op weltwäitem Niveau;
  • Datselwecht gëllt fir eng Kerosinsteier fir d’Aviatioun;
  • De Staat soll sech op seng Käraufgabe konzentréieren;
  • Am ëffentlechen Déngscht sollen nëmme méi déi Posten nei besat ginn, déi onbedéngt musse besat sinn;
  • De „changement d’administration“ muss méi wäit opgemaach ginn.
Deel dëse Post: