Sproochlech Ufuerderungen un Dageselteren

Déi sproochlech Ufuerderungen un Dageselteren sinn net onbedéngt identesch mat de sproochlechen Ufuerderungen un aner Persounen, déi berufflech mat Kanner ze dinn hunn. De Fred Keup huet dozou e puer Froen un de Minister.

Fro:

D’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Betreiung an der Sproochentwécklung vu jonke Kanner. Virun dësem Hannergrond stellt sech d’Fro, ob déi aktuell sproochlech Zougangsbedéngunge fir d’Autorisatioun als Dagesmamm/Dagespapp (Noweis vu Sproochkompetenzen um Niveau B2 an nëmmen enger Verwaltungssprooch vum Land bzw. Noweis, datt de Kandidat op d’mannst siwe Joer am ëffentleche Schoulsystem zu Lëtzebuerg oder an enger Privatschoul mat lëtzebuergeschem Léierplang gemaach huet) nach duerginn, fir d’Kand optimal op déi komplex Sproochesituatioun am Land virzebereeden.

An dësem Kontext géif ech dem Här Minister gär follgend Froe stellen:

  1. Huet d’Regierung analyséiert, wéi eng Roll Lëtzebuergesch-Kenntnisser vun den Dageseltere fir déi fréi Sproochentwécklung vun de Kanner spillen? Wa jo, zu wéi enge Resultater ass si dobäi komm?
  2. Wéi vill vun den aktuell autoriséierten Dageseltere verfügen iwwer offiziell noweisbar Sproochkompetenzen am Lëtzebuergeschen, Däitsche respektiv Franséischen?
  3. Gëtt am Kader vun Inspektiounen iwwerpréift, wéi eng Sprooch oder Sprooche vun den Dageselteren am Alldag mat de Kanner effektiv benotzt ginn? Wa jo, no wéi enge Krittäre geschitt dës Evaluatioun?
  4. Ass den Här Minister der Meenung, datt déi aktuell sproochlech Ufuerderungen duerginn, fir d’Ziler vum „éveil linguistique“ an der Méisproochegkeet z’erreechen? Wa jo, op wéi eng Etüden, Evaluatiounen oder wëssenschaftlech Erkenntnisser stäipt sech dës Aschätzung?
  5. Wéi begrënnt den Här Minister eventuell Ënnerscheeder an de Sproochufuerderungen un aner Beruffsgruppen am Beräich vun der non-formeller Bildung, notamment fir Educateuren an de Crèchen, vis-à-vis vun den Dageselteren?
  6. Huet d’Regierung analyséiert, wéi eng Auswierkungen d’Aféierung vun engem Mindestniveau am Lëtzebuergesche fir Dageselteren op d’Qualitéit vun der fréier Sproochfërderung an op d’Disponibilitéit vu Betreiungsplazen hätt? Wa jo, mat wéi enge Resultater?

 

Foto Copyright: Pixabay

Deel dëse Post: