Sproochgebrauch beim subventionéierte Wunnen

Lëtzebuerg huet laut Gesetz vum 24. Februar 1984 dräi administrativ Sproochen an eng Nationalsprooch. Laut Gesetz mussen d’Administratiounen de Leit an där Sprooch äntweren, an där dës sech un si gewannt hunn. Et schéngt deemno evident, dass Administratiounen an ëffentlech Ariichtungen sech a méi Sproochen un d’Leit riichten, wat jo dann och der vill geluefter Dräisproochegkeet géing entspriechen. Dëst ass doriwwer eraus besonnesch wichteg, wann et ëm staatlech Subventioune geet fir eng éischter sozio-ekonomesch schwaach Bevëlkerung, wéi et de Fall ass beim subventionéierte Wunnen ass. Hei hu vill Leit Schwieregkeeten, wann et ausschliisslech op Franséisch ass, a fillen sech diskriminéiert. Wat seet de Wunnengsbauminister zu dësem Problem?

 

Deel dëse Post: