Sproochesituatioun um Findel: Wat huet sech verbessert?

Gëtt bei den automatiséierten Usoen um Findel d’Lëtzebuergescht elo endlech gläichberechtegt behandelt, esou wéi vun der Regierung ugekënnegt? De Fred Keup freet no!

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Mobilitéitsminister an un den Här Kulturminister weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°4932 vum September 2021 huet den deemolege Mobilitéitsminister, den Här François Bausch, präziséiert, datt een d’Lëtzebuerger Sprooch bis d’Summersaison 2022 an déi automatiséiert Usoe vum Findel integréiere wéilt. Heizou heescht et: “Ausserdeem ass eng komplett Erneierung vum System amgaangen, déi bis d’Summersaison 2022 ofgeschloss ass a wou déi lëtzebuergesch Sprooch integréiert gëtt.”

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Madamm Minister:

  1. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt déi komplett Erneierung vum System um Findel, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an déi automatiséiert Usoen integréiert, am Joer 2022 ofgeschloss gouf an datt deemno all déi automatiséiert Usoen um Findel elo och op Lëtzebuergesch ze héiere sinn?
  2. Falls net, ass geplangt, dëst ze maachen?
  3. Wéi steet d’Regierung zu enger méi breeder Benotzung vum Lëtzebuergeschen bei der Beschëlderung um Flughafen, sou wéi och op villen aneren Plazen an Europa lokal Sproochen (z.B. Mallorca, Barcelona) benotzt ginn?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten

Deel dëse Post: