Sproochesituatioun am Justizwiesen: Vill oppe Froen!

Den Gesetzesprojet N°7100 bréngt eng ganz Rei vun Ännerunge mat sech, wat d’Zouloossungskonditioune vun den Affekoten zu Lëtzebuerg ugeet. Ënnert anerem geet et och em d’Sproochesituatioun am Justizwiesen. Et ass fir d’ADR wichteg ze wëssen, datt sech all Persoune, déi mat enger juristescher Affär konfrontéiert sinn, an der Lëtzebuerger Sprooch ausdrécke kënnen. Et däerf net sinn, datt Léit opgrond vu sproochlechen Aspekter am Justizwiese benodeelegt ginn. An deem Kontext stellen sech fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng ganz Rëtsch wichteg Froen, deenen hien a senger parlamentarescher Fro un de Justizminister nogeet.

 

Deel dëse Post: