Sproochenongerechtegkeet op Educateurssektioun

An eisem zersplitterte Schoulsystem ginn et vill kleng Ongerechtegkeeten. Zu enger vun dëse sëllechen Ongerechtegkeeten huet de Fred Keup zwou Froen un den zoustännege Minister.

Fro:

Op der Sektioun fir Educateur am Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) zu Miersch ginn déi béid Haaptfächer Psychologie a Biologie op Franséisch ënnerriicht, wärend déi aner Fächer op Däitsch sinn. Laut Réckmeldungen aus der Schülerschaft féiert dat bei ville Schüler zu erhiefleche Léierschwieregkeeten, well déi genannt Fächer op Franséisch ënnerriicht ginn.

Op der anerer Säit ginn op der Sektioun fir Educateur am Enseignement général vum Lycée Bel-Val (LBV) sämtlech Fächer op Franséisch ënnerriicht.

Virun deem Hannergrond wéilt ech dem Här Minister gär follgend Froe stellen:

  • Wéi steet den Här Minister zu dëser Ongerechtegkeet, dass déi eng Schüler nëmmen eng Sprooch musse kënnen, fir Educateur ze ginn (Franséisch), wärend déi aner Schüler zwou Sprooche musse kënnen, fir de selwechten Diplom ze kréien (Däitsch a Franséisch)?
  • Ginn et am Ministère Iwwerleeungen, fir déi béid genannt Fächer an Zukunft optional op Däitsch unzebidden, fir deene Schüler, déi net sou gutt am Franséische sinn, entgéintzekommen?

Äntwert:

  1. Am Kader vun der Formatioun vum Educateur, souwuel där „traditioneller“ am LTPES an am Lycée BelVal, wéi och an der zukünfteger francophonner Offer an deem selwechte Lycée, ass et wichteg, eng Partie Elementer a puncto Sproochecurriculum/Sproocheregime kloer duerzestellen. Keng vun deenen zwou Formatiounen ass monolingue. Souwuel zu Miersch wéi och um Belval sinn d’Schülerinnen an d’Schüler dru gehalen, op d’mannst zwou Sproochen ze kënnen, an hiren Diplom zertifizéiert dat och. Domat ass d’Premiss, „nëmmen eng Sprooch“ am Kontext vun dëser Formatioun net korrekt. Op 2e an op 1re hu si an der Woch sechs Stonne Sproochenunterrecht. D’Fächer Däitsch, Franséisch an Englesch stinn hei zur Wiel, an zwou vun deene Sprooche kënnen an egal wat fir enger Konstellatioun gewielt ginn. Alle béid ginn och am Kader vum Examen de fin d’études gepréift. D’Fro vun der Gerechtegkeet vis-à-vis vun de Schüler, déi eng „traditionell“ 2e a 1re GED maachen, kann net den zentrale Punkt vun der Diskussioun sinn; et däerf een net vergiessen, datt eng GED francophone u sech schonn eng Mesure d’équité ass. Dës Mesure soll kee Virdeel verschafen, mee déi ënnerschiddlech Ausgangsbedéngungen ausgläichen, ouni datt dobäi d’Ufuerderunge vun der Formatioun u sech erofgesat ginn. De Régime linguistique spécifique, op deem dës Offer berout, gouf genee dofir an d’Liewe geruff, fir deene Kanner a Jonker, déi net d’Chance haten, hir ganz Scolaritéit zu Lëtzebuerg ze maachen, an dofir net déi néideg Kompetenzen am Däitschen an am Franséischen op engem héijen Niveau entwéckele konnten, trotzdeem eng Méiglechkeet ze ginn, fir ee Secondairesofschloss ze kréien. Esou kënne si weiderféierend Studien ugoen oder d’Beruffswelt integréieren, wuelwëssend, datt hir Choixe vis-à-vis vun deene Schüler, déi déi zwou Schoulsprooche kënnen, méi agegrenzt sinn.
  2. Déi ugeschwaten Thematik muss ganzheetlech gekuckt ginn. Dobäi gëllt et, de ganze Kader vun der Formatioun am Bléck ze behalen, also de Curriculum, déi pedagogesch Ziler, an d’Ufuerderungen, déi spéider am Beruff oder an engem méigleche Studium gefrot sinn. Dofir ass de Ministère am Kader vun dëser Erweiderung vun der schoulescher Offer am Austausch mat de concernéierte Partner, d. h. den Direktiounen a Programmkommissiounen, fir iwwert déi zukünfteg Programmentwécklung ze schwätzen, an dozou gehéiert natierlech och weiderhin d’Fro vun de Langues véhiculaires vun den eenzelne Fächer.

 

Deel dëse Post: