Sproochenadr fir d’Nationalitéit: Käschte rembourséiert bei Netbestoen?

Wien de Sproochenadr fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit am Institut national des langues (INL) mécht, bezilt 75 Euro Aschreiwungskäschten, ier e säi kompletten Dossier fir d’Umeldung beim INL erareecht. Wann de Kandidat dee Sproochenadr awer net besteet, kritt dësen dann d’Aschreiwungskäschte rembourséiert? Ginn et hei Limitten a Konditiounen? An deem Kontext stellt den Deputéierte Fred Keup eng parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister.

 

Deel dëse Post: