Sproochen an der Lëtzebuerger Schoul: Suergen an Ierger

An zwou parlamentaresche Froen huet de Fernand Kartheiser intervenéiert, wat d’Sproochen an der Lëtzebuerger Schoul ugeet. Eng drëtt Fro vum ADR-Deputéierten geet iwwer e Buch, dat net ka verkaf ginn obwuel et gedréckt am Regal läit.

Den ADR-Deputéiertte wonnert sech, datt op enger vun der “Grénger Stëftung” organiséierter Manifestatioun iwwer d’Mehrsproochegkeet, den Unterrechtsminister schwätzt, iwwerdeems keen Oppositiounspolitiker zu Wuert soll kommen. Déi eesäiteg Diskussioun, wou de Minister wahrscheinlech nach eng Kéier säi grousse Faible fir d’Franséisch an d’Welt wäert erausposaunen … zielt dann och nach als Weiderbildung fir déi Leit déi lauschtere ginn.

De Fernand Kartheiser freet och no, wéi et mat Schüler ass, déi eng Optiounssprooch léieren, wann hir Klass mat engem aner Joergang zesummegeluecht gëtt. Dat geschitt, wa net genuch Schüler an engem Gebei sinn. De normale Programm gëtt dann plazeweis a Rattrapage-Stonnen nogeholl.

An hei nach d’Saach mam Buch, dat net ka verkaf ginn

Eng weider Fro beschäftegt sech mat enger Bicher-Geschicht. E Buch iwwer Archäologie an den Tëtelbierg ass zwar gedréckt ginn, kann awer net verkaf ginn well d’Staatskompetenze net kloer sinn. De Fernand Kartheiser huet nogefrot. Knapps gefrot, kann dat Buch elo ouni Problem verkaf ginn. Avis aux amateurs!

Deel dëse Post: