Sproochekenntnesser an der staatlecher Administratioun: Wat geet?

Anscheinend sinn an der staatlecher Verwaltung ëmmer méi Cheffen, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, an et och net léieren wëllen. D’Kommunikatioun an der Verwaltung geet plazeweis wéi selbstverständlech op Franséisch. An enger parlamentarescher Fro wëll de Roy Reding kläeren, wat d’Reegele sinn, wéi vill Verwaltungscheffe Lëtzebuergesch kënnen a wéi vill net. Eng aner Fro ass, wéi wäit si d’Recht hunn, de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ënnert hire Mataarbechter ze ënnerbannen.

Deel dëse Post: