Am Koalitiounsaccord 2023-28 steet, datt all “Demandeur de protection internationale” u Sproochcoursen deelhuele soll. D’Deputéierter Fred Keup an Alexandra Schoos hunn dozou eng pertinent Fro un d’Regierung:
Fro:
Am LW-Lieserbréif „Un enjeu social et économique“ vum 8. Mee 2026 gëtt d’Regierung un e Verspriechen aus dem Koalitiounsaccord erënnert:
«… l’accord de coalition de 2023 note à la page 187: „Le Gouvernement organisera des cours de langues et de vivre-ensemble pour tous les DPI (demandeurs de protection internationale). Ces cours seront obligatoires.” Dès lors une seule question demeure: Qu’attend le gouvernement pour réagir…?»
Déi zitéiert Fro wéilte mir un d‘Regierung weiderleeden.
Äntwert:
Stand haut huet all Demandeur de protection internationale (DPI) d’Méiglechkeet vun zwou Offeren u Coursen iwwer d’Zesummeliewen ze profitéieren. Esou gët säit dem Hierscht 2025 gët den „Dispositif d’autonomisation des primo-arrivants“ (DAPA) vum Office national de l’accueil (ONA) all DPI no senger Arrivée an a senger jeeweileger Sprooch ugebueden. Den DAPA huet als Zil, de Persoune wichteg Grondinformatiounen ze vermëtelen, déi fir hir Orientatioun an hir progressiv Integratioun zu Lëtzebuerg noutwendeg sinn. Nieft de bestoende Moduler befënnt sech en zousätzleche Modul iwwer d’Realitéiten
vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart aktuell an der Elaboratioun. Donieft organiséiert de Ministère fir d’Famill, d’Solidaritéiten, de Vivre-Ensemble an den Accueil de Cours „Bienvenue au Luxembourg “ fir all neien DPI. Dësen Atelier vermëttelt Basiswëssen iwwert Lëtzebuerg, seng Geschicht, seng Reliounen, seng Demokratie a seng politesch Institutiounen, souwéi iwwert d’Regelen an d’Wäerter vun eiser Gesellschaft (konstitutionell Fräiheeten, Haaptverbueter, Kultur, Reegele vum gudde Zesummeliewen).
Am Kader vu dësem Cours krit all DPI de Biergerpakt presentéiert an och e gratis „Code d’accès“ fir eng Online-Sproocheplattform. Effektiv huet och huet all DPI Accès op de Biergerpakt, wou hien net just an online Coursen Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch ka léieren, mee och iwwer e villfältegen Aktivitéitekatalog d’Méiglechkeet krit Land a Leit kennen ze léieren. Obschonn dës zwou Offeren net obligatoresch an aktuell och net zu 100% besicht sinn, sinn de Familljeministère grad ewéi den ONA am Stand déi verschidde Coursen fir all DPI unzebidden. Et sief och drop higewisen, dass mam Gesetz vum 11. Juni 2026 iwwer dem Accueil vu Refugieeën den Accès, ënner anerem, zum DAPA an dem Biergerpakt fir all DPI garantéiert gët. Zousätzlech dozou sinn d’Aarbechte am interministeriellen Aarbechtsgrupp, un deem nieft dem Familljeministère an dem ONA, och den Aarbechtsministère, d‘ADEM an den Educatiounsministère bedeelegt sinn, an der Finalisatioun. D’Zil vun dësem Aarbechtsgrupp ass et, e koordinéierte Parcours Accueil an Integratioun fir Demandeurs de protection internationale (DPI) auszeschaffen fir hir Employabilitéit an Integratioun ze stäerken. Esou bal dës Aarbechten ofgeschloss sinn, wäert d’Regierung Detailer zu de verschiddenen Elementer kommunizéieren.