Spideeler: Wuel vum Patient muss Prioritéit sinn!

De Jeff Engelen betount a senger Interventioun vum 28. Abrëll, datt d’Wuel vum Patient an de Klinicken déi iewescht Prioritéit muss sinn. Wéi ass et an deem Kontext ze verstoen, datt ënnert joren- a joerzéngtelaanger Féierung vum Gesondheetssystem ënnert de Sozialiste bei engem héijen demographesche Wuesstem d’Zuel vun de Spidoolsbetter ofgebaut gouf? Och eis Urgencë sinn iwwerlaascht an et ass net seelen, datt Patiente bis zu siwe Stonnen an den Urgence waarde mussen. An deem Kontext huet den ADR-Nord-Deputéierten eng Motioun an der Chamber deponéiert, datt  an alle Urgencen am Land emol eng grouss Analys soll duerchgefouert ginn, fir ze kucken, wou hei de Problem leit. D’Regierungsparteien hunn dës Motioun natierlech verworf. Zefridde Patiente kann een awer nëmmen hunn, wann ech och zefridde Personal huet. Vun den Auxilliare-de-vie bis iwwert d’Aide-Soignantë bis hin zu den Infirmieren héiert een awer wéineg Erfreeleches: Zäitdrock an Iwwerlaaschtung stinn un der Dagesuerdnung. Et muss hei e grondsätzlecht Ëmdenke kommen: Net de Profit muss un éischter Stell stoen, mee d’Wuel an d’Zefriddenheet vum Personal a Patient.

Deel dëse Post: