Spideeler: d’Urgencen am Wanter iwwerlaf. D’Ministesch: Keen “Noutfall”!

Am éischte Weekend vum Dezember, deen duerch kal Temperaturen a rëtscheg Stroossen an Trottoire gepräägt war, waren d’Urgencen an enger Rei vu Spideeler iwwerlaascht. Zum Deel hu misse Better an der Receptioun vun enger Urgence opgeriicht ginn. Et sollen och Leit mat Bréch nees mat privaten Ambulanzen heem geschéckt gi sinn.

Dowéinst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt. An ënner anerem dëst opgeworf: Wéi eng zousätzlech Moossnamen, déi direkt gräifen, wäerten de Gesondheetsministère an d’Spideeler implementéieren, fir an der aktueller Situatioun eng gutt an eng schnell Behandlung vun alle Patienten ze garantéieren? 

An der Äntwert bestätegt d’Gesondheetsministesch, datt “All Wanterabroch bréngt och mat sech, dass d’Noutdéngschter vun de Spideeler méi opgesicht ginn, dëst virun allem wéinst Fäll vun Traumatismen, spriech Verletzungen”. Mee d’Lydia Mutsch weist awer ganz wéineg Empathie fir déi vill Leit, déi stonnelaang an den Urgence musse waarden. Esou kann een an der Äntwert liesen: “Dës wiederbedéngten episodesch Augmentatioune vun der Zuel vun de Patienten an den Urgencë stellen awer kee gesondheetlechen Noutfall am Sënn vum Wuert duer.” Als Minister leent si all Verantwortung vu sech a schreift: “Dës Organisatioun fält an de Responsabilitéitsberaich vun de jeeweilege Spidolsdirektiounen.”

Deel dëse Post: