Sozio-ekonomesch Ecarten tëscht de Primärschoulen

Eng Etüd vum LISER iwwer sozio-ekonomesch Ecarten tëscht de Primärschoule gouf net um Sitt vum Ministère publizéiert. De Fred Keup freet no.

Fro:

An der Retranskriptioun vun der 6. Episod vum Podcast “Schlechte Schüler” op 100,7 geet et ënner anerem ëm d’Fro, ob mir hei am Land en “Primärschoul-Ranking” hunn, eng Fro, déi am Podcast folgendermoosse beäntwert gëtt: „Dee Ranking gëtt et net just an de Käpp vun den Elteren. Mee och schwaarz op wäiss an engem net publizéierten Dokument vum Educatiounsministère. Fir all Gemeng a Grondschoul am Land gëtt do gekuckt, aus wéi engem Milieu d’Schülerschaft kënnt. Wéi eng Sprooche ginn doheem geschwat, wat verdéngen d’Elteren, si si Elengerzéier oder am Chomage? Datt et esou ee sozio-ekonomesche Schoulranking gëtt, ass kee Geheimnis. Mee e gëtt net publizéiert aus Angscht Schoulen ze stigmatiséieren.“

D’Journalistin weist drop hin, datt „wann een eppes wëllt verbesseren, mussen d’Fakten all um Dësch leien“ an datt si dat Dokument beim Schoulministère ugefrot huet a mam Verweis op d’Transparenzgesetz och tatsächlech kritt huet. D’Etüd (« Etablissement d’un indice socio-économico-culturel communal sur la base des élèves fréquentant l’enseignement fondamental en 2021/22 ») gouf ausgeschafft vum Liser an datéiert vum Mee 2022.

An deem Kontext hunn ech folgend Fro un den Här Minister:

Kann den Här Minister eis dee Ranking, esou wéi déi Etüd, als Äntwert weiderreechen?

Äntwert:

Den integrale Rapport Etablissement d’un indice socio-économico-culturel communal sur base des élèves fréquentant l’enseignement fondamental en 2021-2022 gëtt den honorabelen Deputéierte vu mengem Ministère zougeschéckt.
De Rapport gëtt Opschloss iwwert den Detail vun der Berechnung vun den zousätzleche Ressourcen, déi de Gemengen iwwert de Basiscontingent eraus attribuéiert ginn.
De Basiscontingent ergëtt sech, esou wéi am Artikel 4 vum Règlement grand-ducal du 18 février 2010 déterminant les modalités d’établissement du contingent de leçons attribuées aux communes et aux syndicats scolaires pour assurer l’enseignement fondamental virgesinn, aus der Unzuel vun de Schülerinnen a Schüler aus enger Gemeng, déi mat engem Klassenduerchschnëtt vu 16 Schüler pro Klass verrechent ginn.
Jee no der sozio-ekonomescher a sozio-kultureller Zesummesetzung vun der Schoulpopulatioun aus den eenzelne Gemengen, kënnen dës bis zu 20 % zousätzlech Ressourcen attribuéiert kréien. De Rapport enthält esouwuel eng Opschlësselung pro Gemeng a pro Schoul vun den eenzelnen Indicen, déi fir d’Definitioun vum Indice socio-économico-culturel consideréiert ginn wéi och den Indice synthétique en base 100-120 unhand vun deem duerno déi zousätzlech Ressourcen attribuéiert ginn.
Et sief nach eemol dorop higewisen, datt de Contingent geschaf gouf, fir de sozialen Ongerechtegkeeten entgéintzewierken a mat enger differenzéierter Approche, déi de Besoine vun der Schoulpopulatioun aus den eenzelne Gemenge Rechnung dréit, eng efficace Verdeelung vun de Ressourcen ze assuréieren. Anescht wéi an der vum honorabelen Deputéierten zitéierter Retranskriptioun vun der 6. Episod vum Podcast “Schlechte Schüler” um Radio 100,7 beinhalt de Rapport deemno kee Ranking vun de Schoulen, an deem déi eenzel Schoulen op Basis vun den eenzelnen Indicë respektiv dem Indice synthétique en base 100-120 verglaach ginn, mee eng Lëscht mat den ëffentleche Grondschoulen aus dem Land mat den objektive Critèren, déi et erlaben, d’Verdeelung vun den zousätzleche Ressourcen empiresch ze beleeën.

 

 

Deel dëse Post: