Sozialisten hunn de Gesondheetssystem bal futtigespuert!

A senger Interventioun vum 5. Mee fuerdert de Roy Reding: D’Regierung soll sech endlech op hir wesentlech Aufgabe konzentréieren. An der Coronakris wär et en Hohn datt dat medezinescht Personal dat zënter Mäerz an de respektiven Zenteren am Land am Asaz ass nach kee Sou iwwerwise krut. Generell wär de Gesondheetssystem vu sozialistesche Ministere quasi futti gespuert ginn, dat misst sech an Zukunft onbedéngt änneren.

Den Zentrums-Deputéierten kritiséiert dann och d’Regierung, déi déi kleng Betriber am Schloreen stoe léisst. An deem KOntext hat och den ADR-Deputéierte Jeff Engelen well eng dréngend parlamentaresch Fro un d’Regierung gestalt.

Deel dëse Post: