Sozial Sécherheet an Datesécherheet

Scho méi laang gëtt zu Lëtzebuerg gedoktert an zwar un der Digitaliséierung vun den Sozial- a Krankendonnéeën. Dat ass ganz kriddelech, wéintst dem Dateschutz vum Bierger. Och déi  lescht Operatioun a Saachen “eSanté” ass an den Aen vun der ADR kee Meeschterwierk. Eis Deputéiert hu sech enthalen. De Fernand Kartheiser begrënnt dat domat, datt de Schutz vun den Patientendaten an d’Prozedur, wann ee sech am Ausland behandele léisst, net total iwwerzeegen.

Deel dëse Post: