Soss näischt wéi waarm Loft!

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D’Handwierk zu Lëtzebuerg, dat si 6.000 Betriber, an deenen 80.000 Leit hiert Brout verdéngen; dovu 85% Net-Lëtzebuerger. Et si Betriber, déi buedemstänneg sinn, an net hirer Wee ginn, wann et hinnen hei net méi gefält. Et si sécher Aarbechtsplazen, déi och a schwéieren Zäiten erhale bleiwen, well an deene Betriber eng familljebetriiblech Kultur besteet, wou de maximale Profit net un éischter Plaz kënnt, mä d’Kontinuitéit vum Betrib.

A Krisenzäiten ass d’Handwierk duerfir dee wichtegste Stabilitéitspilier vun eiser Economie a vun eisem Aarbechtsmaart. Dat schéngt eis Regierung nach ëmmer net verstanen ze hunn.

Wéi wär et soss méiglech, datt eis mëttelstännesch Betriber nach ëmmer sou vum Pabeierkrich erdréckt ginn? Wéi ass et méiglech, datt Betriber, wéi dëser Deeg bei enger Visite vum Staatsminister bei „Chaux de Contern“ ze liesen, e Betrieb 13 (dräizéng!!!) Joer huet misse waarde fir seng Geneemegung fir ze expandéieren???

De Staatsminister huet viru 14 Joer an der Chamber eng Brandried gehalen, an e Ministergesetz verlaangt, fir datt d’Ministeren hir Verwaltunge besser an de Grëff sollte kréien. Hien huet d‘ „Simplification administrative“ zur „Chefsache“ gemaach.

Wat ass bis haut geschitt? Sou gutt wéi näischt! Aus dem Land vun de kuerze Weeër ass d’Land vun de laange Weeër a vun den Iergäertercher ginn, wou bal näischt méi geet. Dank der CSV-LSAP-Regierung an hirem dichtege Chef, dee vill waarm Loft vun sech gëtt.

Eng gutt Politik fir de Mëttelstand an d’Handwierk gesäit anescht aus! D’ADR huet d’Konzept an d’Determinatioun, fir déi duerchzesetzen.

Deel dëse Post: