“Sommation de paiement” fir Horeca-Betriber

D’CCSS huet de 6. Januar 2022 eng “Sommation de paiement” un d’Betriber aus dem Horeca-Secteur geschéckt, onofhängeg dovun, datt de Januar fir d’Betriber aus dëser Branche een denkbar ongënschtege Mount ass, wat d’Bezuele vun dëse Cotisatiounen ugeet. Dofir leiden d’Restaurateure lo ënnert enger duebeler Laascht: Si mussen hir Sozialbäiträg bezuelen a versichen, trotz de strenge Corona-Oplage vun der Regierung iwwer d’Ronnen ze kommen. Firwat ass dës “Sommation de paiement” grad am Januar un d’Betriber geschéckt ginn? Wier et net méiglech gewiescht, nach een, zwee Méint domat ze waarden?

Deel dëse Post: