Soll d’Lëtzebuerger Geschicht nei erfonnt ginn?

Knuedler

E Manktem u Rou an u Respekt huet de Fernand Kartheiser generell bei der Regierung festgestallt. Dat huet sech och den 20. Januar 2016 an der Chamber gewisen, wéi per Gesetz de “Centre virtuel de la connaissance sur l’Europe” ofgeschaaft ginn ass … géint d’ADR-Stëmmen. Et ass net deen éischten an net dee leschten geschichtlechen Institut, deen d’Regierung net méi wëllt. Déi Aarbechte sollen all an Zukunft an engem ze schaafenden “Institut d’Histoire du temps présent”, engem Lieblingskand vu Gambia gefouert ginn.

Déi Transitioun gouf vum Fernand Kartheiser fir d’éischt emol kritiséiert, well d’Regierung weder mat der Uni Lëtzebuerg, wou den Institut soll ënnerbruecht ginn, nach mat deenen aneren Fuerschungszenteren, déi sollen ofgeschaaft ginn, am Virfeld geschwat hat. Virun allem awer huet de Fernand Kartheiser d’Gefor gesinn vun enger “Pensée unique” an engem Domaine, wou den Artuso-Rapport gewisen huet, datt et méi wéi eng Wourecht gëtt. Et géing der Regierung drëm goen, d’Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung, eis Identitéit an eis Nationalitéit ze zerleeën, ze dekonstruéieren, fir hir Thesen ze rechtfertegen. Bis elo gëtt et awer kee Konzept, d’Regierung schaft elo emol renomméiert Instituter of, grad wéi se kee Wäert méi drop leet, geschichtlech Joresdeeg wierdeg ze feieren.

Deel dëse Post: