SNCA Maarnech: Zentraliséierung geet monter weider!

Den SNCA-Büro zu Maarnech wäert seng Dieren zou maachen an op de Fridhaff plënneren. D’Zentraliséierung geet also monter weider. Sécherlech huet den Transportminister Recht, wann hien ze verstoe gëtt, datt den neie Site um Fridhaff och seng Virdeeler huet. Fakt ass a bleift awer: D’Leit aus dem mi héijen Éislek hu lo méi wäit ze fueren a besonnesch d’Leit aus dem Raum Wolz wäerten elo duerch Ettelbréck fuere mussen, wat de Verkéiersproblem, dee jo do scho souwisou grouss ass, nach zousätzlech verschäerft. Op all dës Mëssstänn huet den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen den 9. Mäerz a senger erweiderter Fro un den Transportminister higewisen.

Deel dëse Post: