Um Schëffsquai zu Réimech gesäit et desolat aus. D’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
Déi ronn 3 Kilometer laang Esplanade zu Réimech ass en „haut-lieu“ net nëmme vum Lëtzebuerger Tourismus, mee och vun der Lëtzebuerger Geschicht. Hei ass schonn am 19. Joerhonnert den deemolege Kinnek-Grand-Duc Wëllem III. spadséiert, an de Lëtzebuerger Nationaldichter Edmond de la Fontaine, besser bekannt ënnert dem Numm „Dicks“, huet sech wärend senge Réimecher Joren oft hei opgehal (fir just dës zwou Perséinlechkeeten ze nennen). Déi historesch Alstad vu Réimech, mat der „Porte Saint-Nicolas“ zu Éiere vum Schutzpatroun vun de Schëffsleit, attestéiert déi beweegt Vergaangenheet vu Réimech.
An obschonns e fréiere Buergermeeschter vu Réimech d’Esplanade eemol als „Côte d’Azur vu Lëtzebuerg“ bezeechent hat, huet sech d’Häerzstéck vun dësem Touristemagnéit, nämlech de Schëffsquai, zu enger desolater Plaz entwéckelt: iwwerall Vullenexkrementer a raschteg Gelännere schéngen drop hinzedeiten, datt d’Wuelbefanne vun de ville Visiteure vu Réimech keng Prioritéit duerstellt.
An engem Artikel, deen den 1. August 2024 am LW publizéiert gouf („Es ist eine Schande, dass der Staat hier nichts investiert“, S. 12), gëtt d’Situatioun follgendermoosse beschriwwen: „Wenn Kunden an Bord gehen wollen, müssen sie sich erst einmal einen Weg durch die Exkremente auf dem Asphalt bahnen. Verantwortlich ist eine Kolonie aus Nilgänsen und verwilderten Hausgänsen, die sich neben den Anlegeplätzen angesiedelt hat.“ De Vertrieder vun engem Schëffsbetrib warnt virun ekonomesche Konsequenzen: „Ende der 1990er Jahre haben wir noch 90.000 Passagiere pro Jahr befördert. Heute sind es noch etwa 25.000.“
Well de Quai zu Réimech (wéi un der ganzer Musel) dem Lëtzebuerger Staat gehéiert an dofir d’Stroossebauverwaltung fir dëse Problem verantwortlech ass, géife mir der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:
- An de belschen an hollänneschen Hafestied ginn d’Quaien all Dag mam Héichdrockreiniger propper gemaach. Kann d’Madamm Minister preziséieren, firwat de Staat dëst nach net zu Réimech an Erwägung gezunn, bzw. ëmgesat huet? Net zulescht och fir d’Gesondheet vu Mënsch an Hausdéier ze schützen, déi all Dag iwwer de Schëffsquai spadséieren.
- Informatioune vun der Stroossebauverwaltung no ze schléissen, fänkt d’Erneierung vum Réimecher Quai “innerhalb der kommenden drei Jahre” (cf. Artikel LW) un. Kann d’Madamm Minister hei e konkreten Termin confirméieren? Wéi e Budget ass fir dës Aarbechte virgesinn? Wéi eng Infrastrukture si genau virgesinn?
Äntwert:
Fro 1: An de belschen an hollänneschen Hafestied ginn d’Quaien all Dag mam Héichdrockreiniger propper gemaach. Kann d’Madamm Minister preziséieren, firwat de Staat dëst nach net zu Réimech an Erwägung gezunn, bzw. ëmgesat huet? Net zulescht och fir d’Gesondheet vu Mënsch an Hausdéier ze schützen, déi all Dag iwwer de Schëffsquai spadséieren? D‘Uewerfläch vun de Quaie laanscht d’Musel gëtt prinzipiell 2 mol am Joer gebotzt. Zousätzlech dozou ginn d’Quaien och no all Héichwaasser ofgeschwenkt a gebotzt. De Quai zu Réimech ass op der ganzer Musel deen eenzegen, deen e gréissere Problem duerch eng Verschmotzung matt Vullenexkrementer virweist. Dës méi staark Verschmotzung ass ënnert anerem op déi op der Plaz ugesidelt Vullepopulatioun zeréckzeféieren, déi zudeem vun de Passanten onkontrolléiert gefiddert gëtt.
Dës Situatioun mécht et den Equippe vun der Stroossebauverwaltung schwéier de Quai an engem propperen Zoustand ze halen. Fir awer dëser unhalender Problematik entgéint ze wierken, gëtt gekuckt fir d‘Frequenz vum Botzen an Zesummenaarbecht mat der Réimecher Gemeng ze erhéijen an domadder eng Verbesserung vun der Situatioun erbäizeféieren.
Fro 2: Informatioune vun der Stroossebauverwaltung no ze schléissen, fänkt d’Erneierung vum Réimecher Quai “innerhalb der kommenden drei Jahre” (cf. Artikel LW) un. Kann d’Madamm Minister hei e konkreten Termin confirméieren? Wéi e Budget ass fir des Aarbechte virgesinn? Wéi eng Infrastrukture si genau virgesinn?
Aktuell ass virgesinn, datt d’Aarbechten zur Erneierung vum Quai zu Réimech viraussichtlech am Summer 2029 ufänken. D‘Käschte fir dëse Projet, déi vum Staat an der Gemeng Réimech gedroe ginn, belafen sech op ronn 15 Milliounen Euro. De Projet ass a 4 Lousen ënnerdeelt a begräift follgend Aarbechten:
Lous 1: Erneierung vun der Quaimauer an Erhéijung vum existente Quai. Dës Aarbechten dengen enger Verbesserung vun der Stabilitéit an dem allgemengen Zoustand vum Bauwierk.
Lous 2: Verlängerung vum existente Quai mat Hëllef vun Dalben („Ducs d’Albe“, am Ënnergronn verankert Pottoen) a Reamenagement a Befestegung vun den existéierenden Uferberäicher.
Lous 3: Moderniséierung vun den Embarquement-Plazen, flossofwäerts vun der Réimecher Grenzbréck. Zousätzlech ginn d’Uferberäicher adaptéiert a matt Steng befestegt. Och gëtt een neie Quai mat Hëllef vun Dalben amenagéiert. Dës Aarbechten erhéijen déi maximal Kapazitéit, déi duerch déi allgemeng wuessend Unzuel un Touristen néideg ginn ass.
Lous 4: Amenagement vun engem neie Quai fir Booter an de Beräicher Sport a Fräizäit, sou wéi Reamenagement a Befestegung vun den existéierenden Uferberäicher. Donieft ginn am Kader vun de verschiddene Lousen d’Reseauen erneiert an un déi existent Infrastruktur ugeschloss. Fir all des Amenagementer ginn dann och déi néideg Geneemegunge vun de jeeweilegen Administratiounen op der Lëtzebuerger Säit ageholl, wéi zum Beispill bei der Natur- a Waasserverwaltung.
Doriwwer eraus maachen ech op déi speziell Situatioun vun eise Waasserleef, déi d’Grenz tëschent Lëtzebuerg a Däitschland forméieren, opmierksam. D’Musel ass nämlech ee Condominium, ee gemeinschaftlechen däitsch-lëtzebuergesche souveränen Territoire. Den Territoire vun der Musel ass also ënnert der gemeinsamer Souveränitéit vun Däitschland a Lëtzebuerg. Verwaltungstechnesch, läit den Territoire op kenger vun den ugrenzende Gemengen.
Déi an dëser parlamentarescher Fro beschriwwen Aarbechten, sou wéi och all aner Aarbechten déi um Condominium vun der Musel realiséiert ginn, ginn deemno am Kader vun engem technesche Comité vun der Muselkommissioun (Comission de la moselle) mat den Nopeschlänner Frankräich an Däitschland ofgeschwat.