Eng Rei Biologe konnten an deene leschte Joren, um Site “Schëttermarjal”, eng Rei menacéiert Déieren- a Planzenaarte kloer noweisen. De “Schëttermarjal”, um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg, ass och hautdesdaags nach e wäertvolle Biotop, eleng 350 verschidde Planzenzorte sinn do scho nogewise ginn. D’Ëmsiidlung vun der seelener a geschützter Schlingnatter weist, datt d’Bestriewunge fir de Natur-Site ze bebaue, weiderginn.
- De Fernand Kartheiser erënnert d’Ëmweltministesch un hir Responsabilitéit.
- D’Ëmweltministesch äntwert a gëtt d’Responsabilitéit un d’Stater Gemeng of.