Sinn eis Brécke sécher?

D’Iwwerschwemmunge vum 15. Juli 2021 hunn d’Bevëlkerung vun eisem Land schockéiert a viru grouss Erausfuerderunge gestallt. Wärend alles ënnerholl gëtt, fir d’Konsequenze vun der Katastroph ënner Kontroll ze bréngen, ginn et hei am Land nach keng kloer Informatiounen driwwer, wat de Schued duerch dës Iwwerschwemmungen un eise Brécken ugeet. An deem Kontext kann ee sech d’Fro stellen: Wéi ass et generell bestallt ëm d’Sécherheet vun eise Brécken am Hibléck op eventuell zukünfteg Naturkatastrophe wéi Tornadoen, asw.?

Deel dëse Post: