Sinn déi antirussesch Sanktioune legal?

E brisanten Artikel am Lëtzebuerger Land stellt d’Fro, ob d’Sanktiounen déi säit dem 24. Februar géint déi russesch Federatioun erhuewe goufen an och d’Verméige vu Privatpersounen- an Entreprise betreffen, iwwerhapt legal sinn. Speziell Lëtzebuerg, dat dës Sanktiounen no Ausso vun der Regierung am allgemenge Kader vun EU-Decisioune matdréit, kéint duerch en Investitiounsschutzofkommes ëm Indemnitéiten ugesicht ginn. Huet d’Regierung eis Participatioun un de Sanktiounsregimmer op hir juristesch Konformitéit hin iwwerpréift? Wann de Staat verurteelt gëtt, sinn et nämlech d’Bierger déi iwwer hir Steiersuen d’Rechnung bezuelen. Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:

Fro

Am Kader vun de Sanktiounen déi säit dem 24. Februar dëst Joer, vun der EU, dem Vereenegte Kinnekräich an de Vereenegte Staaten géint déi russesch Federatioun erlooss goufen, goufen och eng Rei Verméigenswäerter vu russesche Privat- a moralesche Persoune beschlagnaamt. Am Artikel “Les sanctions au regard du droit” deen den 2. September am Lëtzebuerger Land publizéiert gouf, gëtt d’Fro opgeworf, ob déi genannte Sanktioune konform zu enger Rei bilateralen Investitiounsschutzofkommes stinn a vun de Sanktioune betraffe physesch a juristesch Persounen déi responsabel Staate méiglecherweis iwwert de Wee vun internationale Schiidsgeriichter ëm Indemnitéite kéinten usichen. Am Fall vu Lëtzebuerg kéint esou eng Situatioun potentiell aus dem Investitiounsschutzofkommes vun 1989, souwéi aus der Energiecharta ervirgoen.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 6613 schreift d’Regierung zu der Legalitéit vun de Sanktiounen, déi säit dem 24. Februar vu Säite vun der EU géint déi russesch Federatioun verhaange goufen, dat hei: “Zënter der russescher Agressioun géint d’ Ukrain sinn dës Sanktiounen a bis elo 7 successive Päck verschäerft ginn. Méi spezifesch sinn d’ EU-Reglementer 269/2014 an 833/2014 iwwerschafft ginn. Et ass och nach e spezifesche Regimm fir déi zwou besaten Oblasten Donetsk a Luhansk dobäikomm dee wirtschaftlech Restriktioune fir dës Regioune virgesäit:

  • EU-Reglement 263/2022 betreffend restriktive Moossnamen als Äntwert op d’Unerkennungvun den net-Regierungskontrolléierte Gebitter vun den ukrainesche Regiounen Donetsk aLuhansk an den Uerder un d’ russesch Arméi an dës Géigenden anzefalen

Et handelt sech am EU-Reglement 269/2014 ëm individuell Sanktiounen déi en Afréieren vum Verméigen an e Reesverbuet virgesinn, souwéi ëm wirtschaftlech Sanktiounen am EU-Reglement 833/2014. Zilgruppe vun individuelle Moossnamen sinn am Artikel 3 vum EU-Reglement 269/2014 festgeluecht”.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen, ob d’Lëtzebuerger Participatioun un deenen zitéierte Sanktiounsregimmer vun der EU op hir Konformitéit zu deene verschiddenen Investitiounschutzofkommes mat der Russescher Federatioun juristesch gepréift gouf a wéi eng Erkenntnesser dobäi fonnt goufen?
  • Kann d’Regierung matdeelen, ob déi Lëtzebuerger Participatioun un deenen zitéierte Sanktiounsregimmer vun der EU op hir textuell an normenhierarschesch Konformitéit zu weidere Bestëmmunge vum Vëlkerrecht gepréift  gouf a wéi eng  Erkenntnesser dobäi fonnt goufen?
  • Kann d’Regierung matdeelen, wéi eng Staaten, Organer, Institutiounen oder aner Organisatiounen (och privater Natur) am Kader vun der Opstellung vun dëse Sanktioune responsabel waren, fir eng “Schold” vu physeschen oder juristesche Persoune festzestellen op där hirer Basis si sanktionéiert goufen? Kann d’Regierung preziséieren ob zu dëse “Feeler” och den Ëmstand kann zielen, gutt oder no Relatiounen zu der russescher Administratioun ënnerhal ze hunn, déi sech fir de Fonctionnement vum Geschäftsliewen a kengem Land wuel ganz vermeide loossen? Wa jo, wéi gëtt dës Proximitéit am Sënn vun enger Schold genee definéiert?
  • Kann d’Regierung elaboréieren, op wéi eng Manéier séchergestallt ass, datt am Kader vu Sanktioune virleefeg confisquéiert materiell Gidder kee Wäertverloscht erleiden, ob wéi eng Manéier dëse festgestallt an dokumentéiert gëtt, an zu wiem senge Laaschten de Schued geet, wann déi entspriechend Gidder eng Kéier un déi ursprénglech Proprietären zeréck ginn?
  • Kann d’Regierung elaboréieren, wéi eng Haftung dem Staat kann entstoen, falls confisquéiert finanziell Gidder e Wäertverloscht erleiden, deen ze vermeide gewiescht wier, wann se am Besëtz vum urspréngleche Proprietär bliwwe wieren? Kann d’Regierung preziséieren ob an op wéi enger Berechnungsgrondlag de Proprietär vun de confisquéierte finanzielle Gidder, Indemnitéite fir potentiell net realiséierte Beneficer géintiwwer dem Lëtzebuerger Staat kann an Usproch stellen?
  • Kann d’Regierung ënnert dem Respekt vum Dateschutz matdeelen, ob a wa jo iwwert wéi ee Wee opgrond vun de genannte Sanktioune bis ewell Schuedensersatzuspréch géint de Lëtzebuerger Staat virbruecht goufen? Kann d’Regierung preziséieren ob et sech bei den Auteure vun dëse Prozesser ëm physesch an/oder juristesch Persounen handelt?

Kann d’Regierung matdeelen, wéi si den Imageschued vun deene genannte Sanktioune fir d’Finanzplaz an den Investitiounsstanduert Lëtzebuerg beurteelt, wa Privatleit hei Gefor lafen, am Kader vu politesche Sanktiounen zu all Ablack kënne geschiedegt oder enteegent ze ginn?

 

Dokument vun der Fro

Dokument vun der Äntwert

Deel dëse Post: