Si scho mobil Teststatiounen am Asaz?

Bei der Schoulrentrée 2020/21 hat den Educatiounsminister ugekënnegt, datt am Kader vun de Covid-Moossnamen och mobil Teststatioune sollen agesat ginn, déi bei Bedarf an d’Schoule komme kéinten.

De Jeff Engelen an de Fred Keup wëlle vun der Regierung wëssen, ob där Statioune schonn am Asaz sinn an ob dës och an anere Beräicher agesat ginn. Si stellen nach eng Rei weider Froen, déi sech beispillsweis op d’Konditiounen, d’Prozedur an d’Responsabilitéit bezéien.

 

Deel dëse Post: