Sexualunterrecht an de Kompetenzzentren

Geet de Sexualunterrecht an de Kompetenzzentren net e bëssen ze wäit? De Fernand Kartheiser huet Froen zu engem konkrete Fall:

Fro:

De Sexualunterrecht fir behënnert Kanner kann opgrond vun hire spezifesche Bedierfnesser Problemer mat sech bréngen. Oft sinn d’Léiermaterialien an d’Unterrechtsmethoden net dem kognitiven Entwécklungsstadium an de Kommunikatiounsméiglechkeete vun dëse Kanner ugepasst. D’Léierpersounen an d’Educateure si méiglecherweis net ëmmer genuch op dës delikat Erausfuerderung virbereet. Eng aner Gefor besteet doran, datt d’Elteren oder d’Betreier vun dëse Kanner net genuch, wann iwwerhaapt, an d’Plangung an d’Duerchféierung vun dësem Unterrecht abezu ginn oder datt hir grondsätzlech Bedenke géint Sexualunterrecht oder verschidde Formen oder Inhalter vun deem Unterrecht net respektéiert ginn.

Lëtzebuerg, wou de Sexualunterrecht am Secondaire eng éischter marginal Roll spillt, bleift vun dësem Problemfeld net onberéiert. Dat beweist e rezente Fall aus dem „Centre pour le développement intellectuel (CDI) – Annexe Differdange“, wou engem Grupp vu 15-järege Kanner mat Behënnerung vun enger Infirmière (oder vun e puer Infirmièren) eng Form vu Sexualunterrecht erdeelt gouf, déi, sou ass eis zu Ouere komm, bei op d’mannst engem vun dëse Kanner zu enger séilescher Traumatiséierung gefouert huet. Bei dësem Sexualunterrecht goufen de Kanner net just Zeechnunge vun alle Forme vu Geschlechtsverkéier a vun de verschiddene Stellunge beim Geschlechtsverkéier gewisen, an dat op eng besonnesch explizitt Aart a Weis, mee et goufen hinnen (wéi een am „Bilan de fin d’année scolaire 2022-2023“ noliese kann), och „Spiller“ ugebueden, woubäi an der betreffender Broschür awer net steet, ëm wéi eng „Spiller“ et sech dobäi handelt.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, datt den Inhalt an d’Unterrechtsmaterialie vum Sexualunterrecht am CDI Annexe Differdange mam Educatiounsministère ofgeschwat goufen? Wa jo, opgrond vu wéi enge Krittäre gouf dësen Inhalt an dat betreffend didaktescht Material guttgeheescht?
  • Wéi eng pedagogesch Iwwerleeunge stinn hannert der Tatsaach, datt dës Form vun „explizittem“ Sexualunterrecht an engem Kompetenzzentrum kann ugebuede ginn, awer net an de klasseschen oder technesche Lycéeën?
  • Kann den Här Minister preziséieren, ob d’Infirmière bzw. d’Infirmièren, déi dëse Sexualunterrecht duerchgefouert huet/hunn, speziell op dës Form vun Unterrecht virbereet gouf(en)? Wa jo, goufen hir Kenntnisser a pedagogesch Kompetenze vun enger staatlecher Instanz iwwerpréift? Wa jo, ëm wéi eng staatlech Instanz handelt et sech dobäi?
  • Kruten d‘Eltere vun de behënnerte Kanner am Virfeld vum Sexualunterrecht d‘Inhalter bzw. dat „didaktescht Material“ gewisen? Wann nee, firwat goufen den Elteren dës Informatioune virenthalen?
  • Gëtt dës Form vu Sexualerzéiung och an anere Kompetenzzentren duerchgefouert? Wa jo, hunn d’Elteren d’Méiglechkeet, hir Kanner aus dësen „Coursen“ rauszehuelen? Wa jo, wéi oft ass dat an de leschten 3 Joer geschitt?
  • Geet den Här Minister net dervun aus, datt sexuell Opklärung primär eng Aufgab vun den Elteren, an net vum Staat ass?

Äntwert:

Et ass essentiell ze erkennen, datt jonk Leit mat enger Behënnerung déi selwecht Bedierfnesser,
Wënsch a Rechter hu wéi aner jonk Leit, wann et ëm Sexualitéit an intim Bezéiunge geet. Allerdéngs
ginn et dacks Barrièren a spezifesch Erausfuerderungen, deene jonk Leit mat enger Behënnerung
begéine kënnen. Dozou gehéieren, ënnert anerem, Virurteeler a sozial Stereotyppen, kierperlech oder
kognitiv Barrièren esouwéi en Zougang zu Informatiounen. An et ass grad zu dësem leschte Punkt wou
d’Schoul ka bäidroen, méi Gläichheet tëscht de Schüler ze schafen.
Ad 1)
Nom Prinzip vun der Subsidiaritéit an ugepasst un déi respektiv Programmer aus dem Enseignement
secondaire bitt de Centre pour le développement intellectuel (CDI) fir d’Fach Vie et société ënnert
anerem ee Cours mam Thema Éducation à la vie affectice et sexuelle fir Jonker ab 13 Joer un.
Ad 2)
D’Éducation à la vie affective et sexuelle ass och e Sujet an de Programmer vum Enseignement
secondaire, ë. a. am Fach Vie et société an och an de Sciences naturelles.
Sexualunterrecht ass “par essence” explizit. Dofir ass et wichteg, datt grad Jonker mat enger kognitiver
Beanträchtegung unhand vun enger differenzéierter Approche un d’Thema Éducation affective et
sexuelle erugefouert ginn.
Ad 3)
Am Fach Vie et société gett d’Thema Éducation à la vie affective et sexuelle vun den Titulaires de classe
mat der Ënnerstëtzung vun Infirmiere gehalen. Dës Zesummenaarbecht vun zwee Spezialiste
garantéiert, datt am CDI déi spezifesch medezinesch Inhalter mat enger adaptéierter Methodik
ugebuede ginn an déi Jonk mat der néideger Professionalitéit un dëst sensibelt Thema erugefouert
ginn. Infirmieren hunn extensiv Kenntnisser vun der Physiologie a vu sexueller Gesondheet, wat
hinnen et erlaabt, korrekt, evidenzbaséiert Informatiounen ze liwweren. Infirmiere kënne spezifesch
medezinesch Froe betreffend Contraceptioun, sexuell iwwerdrobar Krankheeten a kierperlech
Verännerunge beäntweren.
Ad 4)
D’Eltere sinn am Virfeld iwwert de Wee vum Carnet de liaison informéiert ginn, wéini d‘Thema
Éducation affective et sexuelle am Fach Vie et société ënnerriicht gëtt.
Ad 5)
Och an anere Kompetenzzentre ginn dës Themen ënnerriicht. Wéi schonns erwäänt ass et wichteg,
datt och Jonker mat spezifesche Besoinen eng Sexualerzéiung kréien. Selbstverständlech gëtt am
Dialog mat den Elteren d’Noutwendegkeet vun der Sexualerzéierung thematiséiert.
Ad 6)
Bei der sexueller Opklärung, ee klengen Deel vum Cours Éducation affective et sexuelle, solle
beschtefalls d’Schoul an d’Elterenhaus gemeinsam an der Verantwortung stoen. Duerfir bitt d’Equipe
aus dem CDI, déi de Cours hält, och den Austausch mat den Elteren un. Doriwwer eraus stinn och
Pädagogen a Psychologen aus dem CDI den Elteren bei dësem sensibelen Thema zur Säit, fir si ze
beroden an ze ënnerstëtzen.

 

Deel dëse Post: