Setzt d’Regierung d’Gesetz ausser Kraaft?

D’Ugestallte vun de Gesondheetsberuffer, déi an de „centres de soins avancés“ aktiv sinn, kruten eng offiziell Matdeelung, datt all Persoun vun de Leeschtungen, déi an deenen Zentren erbruecht ginn, profitéieren duerf, och ouni Openthaltsgeneemegung oder Sozialversécherung.

D’Lëtzebuerger Gesetz imposéiert de Fonctionnairen, all Strofdot, vun där si wëssen, dem Parquet ze denoncéieren. An hirem Bréif vum 24. Abrëll 2020 un de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, kéint een d’Ministere Jean Asselborn a Paulette Lenert esou verstoen, datt si d’„Obligation de dénoncer“ ausser Kraaft setzen.

An enger parlamentarescher Fro hannerfreet de Fernand Kartheiser d’Virgoensweis vun dësem Beschloss. Hie freet no der legaler Basis, de Ministeren hirer legal Kompetenz, der Ofsprooch mat dem Rescht vun der Regierung an der Consultatioun vun de Lëtzebuerger Justizautoritéiten.

 

Deel dëse Post: