Seet een um EU-Sëtz Lëtzebuerg?

Den EU-Komplex um Kierchbierg ass nach net fäerdeg a scho vill ze grouss, mellt d’Press ëmmer nees. D’EU-Gebai, gebaut mat EU-Suen, soll all europäesch Zerwisser zu Lëtzebuerg ënnert een Daach brengen. An enger parlamentarescher Fro verknäppt de Fernand Kartheiser d’Diskussiounen ëm dat Gebai an d’Kritiken aus Europa mat der Sëtzfro. Et däerf een op d’Äntwert gespaant sinn.

 Fro

Den EU-Komplex vum Europäesche Parlament um Kierchbierg war an de leschte Woche vill an der Press. Riets ass gaangen, datt déi Gebaier, déi der EU gehéieren an all Déngschtstelle vum Parlament hei zu Lëtzebuerg sollen en Daach iwwert dem Kapp ginn, vill ze grouss sinn an och hire Budget scho gesprengt hätten. Kritik vu Bréissel ass awer dacks och an der Perspektiv vun der Standuertfro ze gesinn. A schliisslech ass Lëtzebuerg och wéinst de Liewenskäschten net déi beléiftsten Adress ënnert den dräi europäeschen Haaptstied.

Duerfir wéilt ech dem Här Bausseminister dës Froe stellen:

  1. Ass déi aktuell Kritik um neien EU-Komplex op Kierchbierg och eng verstoppte Sëtz-Diskussioun?
  2. Ass d’Lëtzebuerger Regierung der Meenung, datt d’Accorden iwwer déi dräi Haaptstied an d’Sëtzfro ouni Benodeelegung vu Lëtzebuerg honnertprozenteg respektéiert ginn?
  3. Wéi stellt sech d’Regierung zu där Ausso, datt dee neie Komplex hallef eidel stoe bleiwe géing, besonnesch wann d’Heemaarbecht vun EU-Sekretariatsmataarbechter a méi groussem Mooss méiglech gemaach gëtt?
  4. Huet d’Regierung e Plang fir d’Attraktivitéit vum EU-Sëtz Lëtzebuerg méi grouss ze maachen a Kritikpunkten ze entkräften?
  5. Wéi grouss ass d’Gefor, datt d’Erweiderung vum EU-Gebai gestoppt gëtt an eng elle Bauruin um Kierchbierg bestoe bleift?

Äntwert

Deel dëse Post: