Sécherheetssituatioun: “exzellent”

Vum däitsche Bausseminister Heiko Maas heescht et, d’Sécherheet am Irak wier erëm hiergestallt, sou datt och irakesch Flüchtlingen, déi sech aktuell an Däitschland ophalen, erëm eng Perspektiv an hirem Heemechtsland hätten. De Fernand Kartheiser well an deem Kontext wëssen, wéi d’Regierung elo gedenkt ze reagéieren.

Trotz enger Sécherheetssituatioun, déi laut dem irakesche Bausseminister “exzellent” ass, trotz der Tatsaach, datt och den däitsche Bausseminister der Meenung ass, datt opgrond vun der stabiller Sécherheetssituatioun irakesch Flüchtlingen, déi sech aktuell an Däitschland ophalen, erëm an hiert Heemechtsland kënnen zeréckgoen, gesäit de Minister Asselborn keng Noutwennegkeet, ze reagéieren.

Deel dëse Post: