Sécherheetskontrollen um Fluchhafen: net bei der Burka ?

An engem rezentem Lieserbréif beschreift eng Damm hir Erliefnisser um Findel, méi speziell wat d’Kontroll vun der Sécherheet vun de Passagéier ugeet. Si war Zeie gewiescht, datt eng Fra, déi en Nikab unhat, ganz ouni Kontroll duerchgelooss ginn ass. Si huet nogefrot: d’Sécherheetspersonal an de Chef vun der Sécherheet hunn hir erklärt, dës géif op „Gesetzer“ berouen, déi op „ganz héijem Niveau“ geholl gi wären.

An enger parlamentarescher Fro wëllt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser vum Police-Minister wëssen, wéi eng Instruktiounen d’Sécherheetsbeamten an d’Police um Findel hunn, fir Kontrolle vu Fraen déi eng Burka oder en Nikab unhunn.

Deel dëse Post: