Sécherheet vun de Schoulkanner beim Schwammen einfach vergiess

Wann e Gesetz bannent véier Deeg duerch d’Chamber gebeetscht gëtt, ka schonn eppes vergiess ginn. Datt awer beim Gesetz iwwert d’Remplaçanten an der Grondschoul e Reglement iwwert d’Sécherheet beim Schwammsport vergiess ginn ass, ass en zimmlech schroen Oubli. Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet nogefrot, wéi bei de Schwammstonnen an Zukunft soll verfuer ginn.

Deel dëse Post: