Sécherheet mat Garantieë w.e.g.

An der Diskussioun ëm méi Sécherheet am Garer Quartier ass d’ADR kloer op der Säit vu méi Sécherheet. Duerfir ass och d’Iddi, eng Privatfirma mat Hënn patrulléieren ze loossen, net falsch. Eis Partei bedauert, datt d’Streidereien tëscht DP an deene Gréngen eng iwwerflësseg Diskussioun iwwert dëst Haaptzil lasstrëppelen. Duerfir fuerdert d’ADR an engem Pressekommunikee

– en decidéiert Virgoe géint d’Kriminalitéit, besonnesch och géint d’Drogekriminalitéit;
– eng Legislatioun déi et erlaabt all illegal Presenz vu Migranten op eisem Territoire effizient z’ënnerbannen;
– méi Personal, legal Kompetenzen a Moyene fir eis Sécherheetsorganer, besonnesch och fir d’Police;
– eng effikass Justiz.

Deel dëse Post: