Sécherheet: De Leit nees Vertraue ginn

An der Chamber war de 19. Januar 2017 d’Interpellatioun vum CSV-Deputéierten Léon Gloden iwwer d’Sécherheet hei am Land am Mëttelpunkt. Fir d’ADR huet de Fernand Kartheiser geschwat. Hien ass agaang op de Fong: D’Mënsche géinge sech onsécher fillen, well si d’Gefill hätten, der Politik an der Press net méi trauen ze kënnen. Dat wär, wëll Detailler iwwer d’Hannergrënn vu Stroofdoten géinge verstoppt ginn, esou zum Beispill iwwer d’Origine vun den Täter. D’Sécherheet esou de Fernand Kartheiser wär awer eng Kär-Aufgab vum Staat.

Am Detaill ass de Fernand Kartheiser duerno agaang op eng Police-Reform, déi de Beamte net genuch Befugnisser gëtt, besonnesch wat Persounekontrollen ugeet, an op den Drogenhandel. Dat wär eng Kriminalitéit, déi Mënsche géing futti maachen an an d’Ausbeutung dreiwen, och wa si net ëmmer mat Gewalt verbonne wär. Och wär ze froen, wat fir e Statut déi bekannten Drogendealer a Banden aus Afrika hunn, fir ouni Pobeieren hei am Land kënnen ze bleiwen a kriminell aktiv ze sinn.

Bei der grenziwwerschreidender Kriminalitéit fuerdert de Fernand Kartheiser méi cibléiert Kontrollen: D’Bewegungsfräiheet an Europa wär wichteg, awer oppe Grenze wäre nëmme fir éierlech Leit.

Säi wichtegste Punkt war awer d’Biedelen durch organiséiert Banden. Dat wär désagreabel fir d’Leit a géing hinnen e Gefill vun Onsécherheet ginn, an op därer anerer Säit géinge do Mënsche vun Bande mat Mafia-Charakter ausgebeut ginn. Si géinge guer net fir sech heeschen, mä d’Sue géingen direkt un aner Leit goen, déi hire Misär géingen ausbeuten. Dat wär e Mëssbrauch vun der europäescher Iddi vun der Bewegungsfräiheet an d’Regierung géing sech zum Kompliz vun den Hannermänner maachen, wa se hei net géing ophëllefen.

 

Deel dëse Post: