Sécherheet am Busverkéier: zur Nout mat Privatfirmaen?

D’Sécherheet am Bus-Verkéier ass net ëmmer ginn: Gliese Kabinnen fir d’Chauffeuren si schéin a gutt, mee wie suergt fir d’Sécherheet vun de Passagéieren, freet den ADR-Norddeputéierte Jeff Engelen.

 

Fro

D’Sécherheet vun de Bus-Chauffeure gëtt akut diskutéiert, net eréischt zënter Bus-Linne vun hei an d’Frankräich wéinst der Onsécherheet net méi funktionéieren. D’Chauffeure sollen elo mat spezielle Kabinne geschützt ginn. Dës Initiativ dréit net zur Sécherheet vun de Passagéier bäi, iwwer déi an dësem Kontext net geschwat gëtt. Duerfir hunn ech dës Fro un den Här Transport- an d’Madamm Justizminister:

  1. Ass et net un der Zäit, d’Sécherheet am ëffentlechen Transport fir d’Personal a fir d’Passagéier zu all Dag- a Nuechtzäit ze garantéieren?
  2. Ass d’Regierung bereet, private Sécherheetsfirmen am Interessi vun de Passagéier a vum Personal dës Aufgaben ze iwwerdroen?
  3. Wien ass responsabel, wann eng Persoun am ëffentlechen Transport en Affer vu Gewalt gëtt?
  4. Ass kloer etabléiert, datt am Rumm vum RGTR net de private Busbetrib a säi Personal mee ëmmer den Transportministère d’Verantwortung dréit?

Äntwert

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n° 7340 vum 8. Dezember 2022 vum Här Deputéierten Jeff Engelen.

 D’Sécherheet am ëffentlechen Transport ass en Dauerthema wat reegelméisseg fir parlamentaresch Froen opgegraff gëtt. Et ass en Thema dat verständlecherweis wichteg ass an och vun den ëffentlechen Instanzen Eescht geholl gëtt, wat di permanent Efforten beweisen déi gemaach ginn fir d’Situatioun ze verbesseren. Ech erlabe mer allerdéngs op di sëllegen aner Froen an Äntwerten zum Thema Sécherheet ze verweisen (6040, 6237, 6943, an 1259/7125), an och nach emol ervirsträichen, dass de Sujet vun der Sécherheet net just den ëffentlechen Transport betrëfft an de Volume vun der Populatioun an den Aarbechtskräften an eisem Land och zouhëlt.

Wéi och schonn a virechten Äntwerte gesot, mécht et kee Sënn fir di ëffentlech Transportmëttel mat Agenten, sief et privater oder net, ze begleeden.

Wat d’Responsabilitéit ugeet am Fall vun enger Gewaltuwendung, verweisen ech den honorabelen Deputéierten op déi bestoend Legislatioun an besonnesch de Code Pénal.

Wat den honorabelen Deputéierten mat der Verantwortung vum Transportministère am Kader vum RGTR mengt, gëtt net preziséiert, ech verweisen dofir engersäits op d’Exploitationskontrakter, déi duerch d’Ausschreiwung vum RGTR ëffentlech zougänglech waren, an d’Legislatioun an d’Reglementatioun zur Sécherheet am ëffentlechen Transport, iwwer déi och schonns an de viregten parlamentareschen Froen bericht gouf.

Deel dëse Post: