Sécherheet a Qualitéit am ëffentlechen Transport w.e.g.!

Mam gratis ëffentlechen Transport klëmmt bei villen Leit d’Angscht, datt d’Qualitéit an d’Sécherheet wäerten ofhuelen. An deem Kontext wëllen de Fernand Kartheiser an de Jeff Engelen an enger onkamouder parlamentarescher Fro vum Policeminister, Mobilitéitsminister a Finanzminister wëssen, ob d’Regierung iwwerhaapt e Plang huet, ob a wéi si an Zukunft iwwerhaapt nach en héichwäertegen ëffentlechen Transport fir d’Bierger garantéiere kann.

Deel dëse Post: